De Virtuelle Concertssall Gustav Mahler: Sinfonie Nr. 3

Lauschtert de Live-Matschnëtt vum Swedish Radio Symphony Orchestra ënner der Direktioun vum Daniel Harding mam Gustav Mahler senger drëtter Sinfonie. Solistin ass d'Anne Sofie von Otter.

Swedish Radio Symphony Orchestra
Den 9. Dezember souz och de Lëtzebuerger Trompettist Max Asselborn am Schwedesche Radio Sinfonieorchester (© Arne Hyckenberg)

De 6. Dezember 2019 spillt de Swedish Radio Symphony Orchestra e ganz besonnesche Concert. Op där enger Säit wéinst dem Programm - dem Gustav Mahler senger grousser drëtter Sinfonie mat Chouer a Solo-Gesang - an der Starbesetzung mam Dirigent Danel Harding an der Altistin Anne Sofie von Otter. Op där anerer Säit, well et ee vun deenen éischte Concerte vum Lëtzebuerger Trompettist Max Asselborn mam Orchester ass.

Am Dezember 2019 war hien nach ee vun dräi Kandidate fir eng Plaz am Ensembel. No sengen "Trial-Weeks" krut den Trompettist d'Plaz ugebueden an zanter dem August 2020 ass de Max Asselborn Member am Swedish Radio Symphony Orchestra. Nieft dem Live-Matschnëtt mam Gustav Mahler senger drëtter Sinfonie proposéiere mir dofir och e Pausegespréich mam Max Asselborn iwwer seng éischt Erfarungen am schwedeschen Orchester.

Gustav Mahler (1860-1911): Sinfonie Nr. 3 a Ré Mineur 00:02:01 / -01:52:00
Pausegespréich
mam Max Asselborn 01:46:21 / -00:07:36


De radio 100,7 huet dëse Concert, deen de 6. Dezember an de Berwaldhallen zu Stockholm opgeholl gouf, vun European Broadcasting Union iwwerholl. Dir kënnt dëse Live-Matschnëtt nach bis den 15. Dezember 2020 am virtuelle Concertssall lauschteren.

Méi zum Thema

United Instruments of Lucilin
De virtuelle Concertssall

30.000 Komponiste sinn an der European Composer and Songwriter Alliance ageschriwwen. De Lëtzebuerger Ensembel huet 2020 an deem Kader e Concert gespillt. Lauschtert de Live-Matschnëtt hei.

Les_Adieux_Titel.jpg
#beethoven20

Basis vun dësem Wierk ass eng programmatesch Iddi, déi de Ludwig van Beethoven an d'Form vun enger Sonat gegoss huet. Et geet souwuel ëm d'Gefiller vum d'Eddi-Soen, wéi och vum Erëmgesinn.

Programm

Net verpassen

  • 29.11. Schengener Gespréicher: D'Groussregioun am Klengen

    Schengener Gespréicher

    D'Entwécklungskonzept Oberes Moseltal ass e gemeinsame Projet vu Rheinland-Pfalz, dem Saarland a Lëtzebuerg. D'Landesplanung steet am Vierdergrond. Iwwer dësen ambitiéise Projet diskutéieren déi zoustänneg Ministeren an de Regionalmanager.

Dossieren

  • CinEast-Festival 2020

    De CinEast-Festival weist eng Selektioun vu mëttel- an osteuropäesche Filmer. Déi 13. Editioun ass wéinst der Covid-Pandemie eng hybrid: d'Filmer gi souwuel um groussen Ecran wéi och online gewisen.

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen