#beethoven20 Grande sonate pathétique

An der Sonate pathétique erreecht de Beethoven a senge Sonaten en éischten Héichpunkt. Et ass en ikonescht Wierk, dat de "Sturm und Drang" vu senger éischter Schaffensperiod mat allergréisster Meeschterschaft verbënnt.

Pathetique
Déi éischt Täkt aus der Grande sonate pathétique

Et wier kee Wonner, datt dem Ludwig van Beethoven seng aacht Sonat duerch déi immens interessant emotional Kontraster bis haut esou faszinant ass, seet de Pianist Jean Muller. Änlech wéi a senger leschter Sonat Opus 111, fënnt een och an dësem Wierk e Bezuch zu Wierker vum Johann Sebastian Bach a Wolfgang Amadeus Mozart.

Introduktioun an d'Grande sonate pathétique

Sonat Opus 13, Nr. 8

An der Mediathéik:

#beethoven20 / / Luc Boentges
Lauschteren

Méi zum Thema

Beethoven
#beethoven20

Obwuel den offiziellen Titel vum Beethoven senger véierter Sonat "Grande sonate opus 7" ass, gouf se vun Zäitgenossen "Der Verliebte" genannt. De Komponist huet dëst Wierk enger Schülerin dediéiert.

Net verpassen

  • Webinaire iwwer ADHS

    Webinar_SCRIPT_2021_10_26_ADHS.JPG

    Opmierksamkeetsdefizit-/ Hyperaktivitéitsstéierung: sensibiliséieren, informéieren a besonnesch d'Léierpersonal forméieren, fir mat Schüler, déi dës Krankheet hunn, ëmzegoen.

Programm

Dossieren

  • CinÉast 2021

    Et ass déi véierzéngt Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 7. bis de 24. Oktober ginn Featuren a Kuerzfilmer aus Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen. Siwe Filmer sinn an der Kompetitioun.

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen