De virtuelle Concertssall Enseignanten aus dem Escher Conservatorie am Concert
Ënner dem Motto Klezmer an Tango proposéiere fënnef Enseignanten aus dem Escher Conservatoire ee méi populäre Programm mat Stécker vum Astor Piazzolla, Andreas Nebl an Antonio Pansera.
Den Escher Conservatoire organiséiert a sengem Haus all Saison ronn 24 Concerten. Eng Partie dovu gi vun den Enseignantë vum Conservatoire selwer gespillt.
Fir dëse Concert hu sech fënnef Enseignanten zesummegedoen, fir ee méi populäre Programm ënner dem Motto Klezmer an Tango zesummenzestellen.
Grzegor Fitelberg: Hebraic Picture (Preparation of the Bride) 00:00:00
Trad: Fun Tashlik / Ich hob dich zifeel lieb / Terk in Amerika / Russian Sher 00:03:53
Astor Piazzolla: Michelangelo 70 00:17:29
Astor Piazzolla: La Muerte del Angel 00:20:25
Astor Piazzolla: Adios Nonino 00:23:59
Astor Piazzolla: Escualo 00:32:46
Trad: Jewish Tango 00:36:39
Andreas Nebl: Tango 00:40:42
Antonio Pansera: Clarinetango 00:44:41
Srul Irving Glick: The Klezmer's Wedding 00:48:34
Astor Piazzolla: Tangata 01:01:22
Astor Piazzolla: Concierto para quinteto 01:10:13
BIS 01:19:01
Interpreten:
Lynn Orazi, Piano
Haoxing Liang, Gei
Danielle Gruselle, Akkordeon a Bandoneon
Christain Packels, Gittar
Francesco Civitareale, Sträichbass
De radio 100,7 huet dëse Live-Mateschnëtt de 25. Januar 2014 am Escher Conservatoire opgeholl. Dir kënnt dësen Optrëtt nach bis de 24. Abrëll 2020 am virtuelle Concertssall lauschteren.