#beethoven20 Eng Welt voller Iddien

A sengem Opus 10 weist de Beethoven seng Kreativitéit a säin Humor. An engem Saz huet d'Schicksalsmotiv en éischten Optrëtt, bei engem anere wierkt de Pianist, wéi wann hien d'Noute vergiess hätt.

Jean Muller / lb

Jean Muller Piano

A sengen dräi Sonaten Opus zéng entwéckelt de Beethoven d'Usätz weider, déi hien a sengen éischte Sonaten ausprobéiert huet. De Spektrum vun der Expressioun gëtt nach méi breet, iwwerdeems d'Form kondenséiert gëtt. Et sinn explosiv Wierker mat ganz verschiddene Charakteren. An engem Saz huet dat bekannt Schicksalsmotiv aus der fënnefter Sinfonie e fréien éischten Optrëtt, an engem anere léisst de Beethoven den Interpret esou ausgesinn, wéi wann hien d'Noute vergiess hätt.

Introduktioun an den Opus 10

Opus 10, Nr. 1

Opus 10, Nr. 2

Opus 10, Nr. 3

An der Mediathéik:

#beethoven20 / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Beethoven
#beethoven20

Obwuel den offiziellen Titel vum Beethoven senger véierter Sonat "Grande sonate opus 7" ass, gouf se vun Zäitgenossen "Der Verliebte" genannt. De Komponist huet dëst Wierk enger Schülerin dediéiert.

Joseph Haydn
#beethoven20

A sengen éischten dräi Sonate weist de Beethoven well säi ganzt Kënnen. De Pianist Jean Muller geet dëse Wierker op de Fong an interpretéiert se bei sech doheem an der Stuff. D'Videoe fannt Dir hei.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen