De virtuelle Concertssall Den Arpeggione
De Michael Petrov interpretéiert dem Franz Schubert seng Sonat D 921 "Arpeggione". Am Kader vun der Serie Rising Stars ass den Cellist zesumme mam Pianist Ashley Fripp an der Philharmonie opgetrueden.
Eng Kuriositéit an der Famill vun de Sträichinstrumenter ass den Arpeggione. 1824 huet de Franz Schubert eng Sonat fir Arpeggione a Piano komponéiert. Wéi de Komponist kuerz drop gestuerwen ass, konnte seng Ierwe mat där Partitur a mam Arpeggione näischt ufänken.
D'Instrument war och nach zimmlech nei. Den Zwitter tëschent Gittar an Cello war deemools knapps ee Joer al. 1823 koum deen éischten Arpeggione op de Marché, ëm deen et vun Ufank u Sträit gouf: de Wiener Luthier Johann Georg Staufer an ee Konkurrent vu Pest, de Peter Teufelsdorfer, wollten allebéid den Erfinder sinn. Béid Instrumentebauer sinn an de Vergiess geroden, a géif et net dem Schubert seng Sonat, da wier den Numm Arpeggione méiglecherweis och scho verschwonnen.
Franz Schubert: Sonat D 821 "Arpeggione": 00:00:00 / -01:24:24
Johannes Brahms: Vier Klavierstücke op.119: 00:26:39 / -00:57:45
Henri Dutilleux: Trois strophes sur le nom de Sacher: 00:43:09 / -00:41:11
César Franck: Sonat fir Gei a Piano: 00:54:14 / -00:30:07
Interpreten:
Michael Petrov, Cello
Ashley Fripp, Piano
De radio 100,7 huet dëse Concert den 21. Oktober 2014 an der Philharmonie opgeholl. Dir kënnt de Live-Matschnëtt nach bis den 21. Abrëll 2020 am virtuelle Concertssall lauschteren.