#beethoven20 D'Pastoral-Sonat

D'Pastoral-Sonat huet hiren Titel net vum Beethoven, an dach ass e wuel berechtegt, wéi soss keen zweeten, an et kommen hei och ganz änlech Kompositiounstechniken wéi an der Pastoral-Symphonie zur Geltung. An engem Saz probéiert de Beethoven sech als Minimalist.

Jean Muller

D'Sonat Nr. 15 a ré majeur opus 28 vum Beethoven gouf 1801 komponéiert an 1802 publizéiert ënner dem Titel "Grande Sonate fir Piano-Forte". Se gouf dem Herzog Joseph von Sonnenfels gewidmet. Den Editeur Cranz huet der Sonat den Ënnertitel "Pastorale" bäigefüügt, wat awer hei net mam Beethoven senger sechster Sinfonie Pastorale verwiesselt gi soll.

Dës Sonat ass direkt no der Mondscheinsonat (Nummer 14) entstanen, an där Zäit, wou et dem Beethoven bewosst gouf, datt hien ëmmer méi ënner Gehéierproblemer leide géing. Allerdéngs ass an dëser Pastoral-Sonat dëse Schicksalsschlag awer net ze spieren.

Introduktioun an d'Sonat Nr. 15

Sonat Nr.15

An der Mediathéik:

#beethoven20 / /
Lauschteren

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen