De radio 100,7 Archiv Zäitzeien: Lëtzebuerger am Koreakrich, Rudy Lutty

Am Joer 2000 haten d'Mick Entringer an de Jean-Claude Wolff een Interview gemaach mam Kommandant vum 2. Kontingent vun der Lëtzebuerger Arméi, dem Rodolphe Lutty, deen am Koreakrich war. Mee wéi ass et dozou komm, a wat huet hien an déi aner Lëtzebuerger dozou gedriwwe knapps fënnef Joer nom Enn vum Zweete Weltkrich an deen nächsten Krich op déi aner Säit vun der Welt ze goen?

Rudy Lutty
Musée National d’Histoire Militaire, Diekirch / Coll. LUTTY

Net verpassen

  • 17.10. De Gudden Toun

    De Gudden Toun.jpg

    Wann d'Deeg méi kal, gro a kuerz ginn, stécht deen een oder anere vläicht de Kapp nees méi an déi sozial Medien. An der Oktober Editioun schwätzen de Roland Meyer, Ian De Toffoli, Raoul Biltgen, Jeff Schinker an d'Anne Klein.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Noriichten

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • CinÉast 2021

    Et ass déi véierzéngt Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 7. bis de 24. Oktober ginn Featuren a Kuerzfilmer aus Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen. Siwe Filmer sinn an der Kompetitioun.

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen