De radio 100,7 Archiv Zäitzeien: Astrid Lulling

Eng Fra, déi vill fir d'Fraerechter hei zu Lëtzebuerger gemaach huet, war am Mäerz am Joer 2000 beim Nadine Entringer fir d'Serie Zäitzeien op Besuch. Als Deputéiert huet si fir besser Fraerechter gekämpft an duerchgesat. Wat waren déi éischt Mesuren, un déi d'Astrid Lulling geduecht huet? Dat an nach villes méi, verzielt si Iech selwer.

Astrid Lulling
D'Astrid Lulling (Foto: Tessy Steffen Koenig)

Am Kader vum Internationale Fraendag den 8. Mäerz war d'Chamber- an Europadeputéiert am Gespréich mam Nadine Entringer.

Mir ënnerhalen eis mat Mënschen, déi am leschte Joerhonnert derbäi ware wéi d'"Zäite" geännert hunn.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen