De radio 100,7 Archiv Visittekaart: Patricia Lippert

D'Molerin Patricia Lippert am Gespréich mam Jean Portante: Am November 1993 war eng Molerin beim Jean Portante am Gespréich. D'Patricia Lippert huet vill verschidde Faarwen mat an dëse Portrait erabruecht. Et waren awer net nëmme Faarwen, wéi gewinnt huet den Invité an der Emissioun Visittekaart och seng Musek matbruecht. Wat huet d'Patricia Lippert fir e Bezuch zur Musek a wéi gesäit hiert musikalescht Ëmfeld aus? Dat an nach villes méi seet si Iech am beschte selwer.

Patricia Lippert

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen