De radio 100,7 Archiv Visittekaart: Léopold Hoffmann

Am Februar 1994 war de Léopold Hoffmann den Invité vum Jean Portante senger Serie Visittekaart. Gelieft huet de Léopold Hoffmann vun 1915 bis 2008. Hie war Lëtzebuerger Schrëftsteller, Literaturkritiker a Professer a verschiddene Schoulen hei am Land. De Schluss vum Éischte Weltkrich huet hien als klengt Kand vun dräi Joer erlieft an den Zweete Weltkrich als jonken Erwuessenen. An dësem Gespréich gëtt een awer vill méi iwwer den Léopold Hoffmann gewuer wéi seng Krichserfarungen.

Léopold Hoffmann
Couverture vun der Cité Bibliothèque

Net verpassen

  • 17.10. De Gudden Toun

    De Gudden Toun.jpg

    Wann d'Deeg méi kal, gro a kuerz ginn, stécht deen een oder anere vläicht de Kapp nees méi an déi sozial Medien. An der Oktober Editioun schwätzen de Roland Meyer, Ian De Toffoli, Raoul Biltgen, Jeff Schinker an d'Anne Klein.

Programm

Dossieren

  • CinÉast 2021

    Et ass déi véierzéngt Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 7. bis de 24. Oktober ginn Featuren a Kuerzfilmer aus Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen. Siwe Filmer sinn an der Kompetitioun.

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen