De radio 100,7 Archiv Visittekaart: Léon Claus

Am November 1993 hat de Jean Portante a senger Serie "Visittekaart" e Journalist bei sech am Interview, dee fir verschidden Zeitunge geschriwwen huet. De Léon Claus huet ënner anerem fir d'Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek, d'Tageblatt an OGBL Aktuell geschriwwen a war och Matgrënner vum Den Neie Feierkrop. De Jean Portante huet mam Léon Claus iwwer seng Kandheet, Jugend a säin Aarbechtsliewen diskutéiert.

Zeitungen

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen