De radio 100,7 Archiv Visittekaart: Anise Koltz

Am September 1993, wéi den radio 100,7 ugefaangen huet mat senden, huet och de Jean Portante ugefaange mat senger Emissioun "Visittekaart", wou ënner anerem, mee net nëmmen, Lëtzebuerger Perséinlechkeeten, déi villes erlieft hu bei him virum Mikro souzen an erzielt hunn.

Anise Koltz a Rousen

Déi éischt Perséinlechkeet war d'Anise Koltz. Schrëftstellerin, Dichterin, Grënnerin an Organisatrice vun den Munnerëffer Dichterdeeg, mee net nëmmen. Wat bedeit der Anise Koltz dann iwwerhaapt d'Schreiwen a wéi leet si sech dobäi un, dat war eng vu ville Froen, déi den Jean Portante hir gestallt huet.

Wéi Dir héieren hutt, war d'Schreiwe fir d'Anise Koltz eng Krankheet. An dësem Fall fir d'lëtzebuerger Literaturgeschicht an all hire Lieser awer eng wichteg Krankheet, well ouni si hätte mir keng vun hiren etleche Wierker.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen