De radio 100,7 Archiv Erlieft a Verzielt: de "Spéngelskrich"

Wéi bekannt huet Nazi-Däitschland den 10. Mee 1940 Lëtzebuerg besat an de Gauleiter Gustav Simon war zoustänneg fir seng Verwaltung. D'Lëtzebuerger hu sech awer net gewäerde gelooss an hu kuerz dorop ee "Krich" mat den Occupanten ugefaangen, deen haut ënner dem "Spéngelskrich" bekannt ass. Am September 2004 huet de Carlo Link de Léon Devaquet, een un der Geschicht Interesséierten a verwente Sammler, dee sech zanter de 70er Jore mam Theema beschäftegt huet, gefrot, wat dat mat deem Spéngelskrich op sech hat.

Spéngel.jpg
Foto aus dem Musée National d’Histoire Militaire, Diekirch

An de Méint Juli an August 1940 sinn déi éischt Spéngelen "Heim ins Reich" vun de Kollaborateure gedroe ginn. Als Reaktioun hate Lëtzebuerger Patrioten hir Ofzeeche vun der Onofhängegkeetsfeier vun 1939 ugespéngelt. De "Spéngelskrich" ass den 13. August 1940 richteg lassgaangen, wéi de Gauleiter Simon proklaméiert hat, d'Verfassung wier ausser Kraaft gesat a Lëtzebuerg hätt opgehalen als Land ze bestoen. Wéinst dem Droe vun dëse Spéngelen, meeschtens op de Reversen, goufen d'Patriote geschloen, gefoltert an esouguer deportéiert.

De Léon Devaquet, een un der Geschicht Interesséierten a verwente Sammler, dee sech zanter de 70er Jore mam Theema beschäftegt huet, verzielt, wat fir eng Symboler vun de Patrioten nach fabrizéiert goufen a schwätzt ë. a. iwwer d'Reaktioun an d'Virgoen vum Agressor géint dës Oppositioun. Eng Emissioun vum Carlo Link.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen