De radio 100,7 Archiv Erlieft a Verzielt: Aus der Benediktiner-Abtei vu Clierf

2003 war den Carlo Link d'Benediktiner an d'Abtei vu Clierf besichen a wollt do méi vun hinnen iwwer hiert Liewe gewuer ginn. De Père Abbé, Dom Michel Jorrot huet him d'Geschicht vun der Abtei verzielt an de Père François Schumacher erkläert, wéi hiren Dag sech ofspillt, mee och wat seng Aarbecht fir de Porverband ass.

Père Abbé Dom Michel Jorrot an den Père François Schumacher
Dom Michel Jorrot an de Père François Schumacher

Père Abbé Dom Michel Jorrot an den Père François Schumacher

De Père François Schumacher aus der Benediktiner-Abtei Saint-Maurice vu Clierf ass ee vun deenen nach véier Lëtzebuerger Pateren an der Clierfer Abtei. Hien, deen och am Porverband mathëlleft an Aumônier am Home St. François ass, kuckt zeréck a verzielt iwwer 34 Joer am Klouschter zu Clierf. Donieft schwätzt de Père Abbé, Dom Michel Jorrot, iwwer d'Geschicht vun der Abtei. Eng Emissioun vum Carlo Link.

Éischt Diffusioun: 26.12.2003.

Net verpassen

  • 17.10. De Gudden Toun

    De Gudden Toun.jpg

    Wann d'Deeg méi kal, gro a kuerz ginn, stécht deen een oder anere vläicht de Kapp nees méi an déi sozial Medien. An der Oktober Editioun schwätzen de Roland Meyer, Ian De Toffoli, Raoul Biltgen, Jeff Schinker an d'Anne Klein.

Programm

Dossieren

  • CinÉast 2021

    Et ass déi véierzéngt Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 7. bis de 24. Oktober ginn Featuren a Kuerzfilmer aus Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen. Siwe Filmer sinn an der Kompetitioun.

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen