De radio 100,7 Archiv Erlieft a Verzielt: Beaumontsgaass mam Paul Bervard an der Joffer Alice Altmann

Eng Stad, besonnesch eng Haaptstad, entwéckelt sech generell ëmmer weider an d'Stad Lëtzebuerg ass do keng Ausnam. Am Oktober 2004 war de Carlo Link fir seng Emissioun Erlieft a Verzielt ee Stater Geschäftsmann besichen. Deen huet him verzielt, wéi d'Stad a besonnesch d'Beaumontsgaass fréier ausgesinn a gelieft huet. De Paul Bervard an d'Joffer Alice Altmann erzielen.

Paul Bervard - Beaumontsgaas

De Paul Bervard (1927) ass an der Beaumontsgaass bei senger Groussmamm am Radio- a Fotogeschäft Anen grouss ginn, vis-à-vis vun der fréierer Vollekskichen, do wou haut een anert Gebai steet, a wou de Ministère de l'Intérieur seng Büroen huet. Mat sengen Elteren huet hie spéider am Garer Quartier gewunnt. Als Geschäftsmann koum de Paul Bervard an d'Kapuzinergaass zeréck, wou hie wärend 18 Joer eng Schneiderei fir Beruffskleedung hat.

De Paul Bervard erënnert sech u seng Kandheet bei der Groussmamm an am Garer Quartier a verzielt, wéi sech den Eck an der Stad ronderëm d'Beaumontsgaass, eng Stad an der Stad, am Laf vun der Zäit verännert huet. Eng Emissioun vum Carlo Link aus dem Joer 2004.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen