Erlieft a Verzielt: Annette Schwall-Lacroix

Am Dezember 2005 hat de Carlo Link e Gespréich mat enger Damm, déi vill fir d'Fraen zu Lëtzebuerg vollbruecht huet. D'Annette Schwall-Lacroix ass 1927 gebuer a war vu Formatioun docteur en droit. Si huet nom Zweete Weltkrich d'Fédération des Femmes Luxembourgeoises gegrënnt a war déi éischt Fra, déi 1975 an de Staatsrot genannt gouf.

Annette Schwall-Lacroix
Copyright (c) - Conseil d'État

D'Annette Schwall-Lacroix (1927), vu Formatioun docteur en droit, huet sech nom Krich fir d'Rechter vun der Fra agesat an 1962 zesumme mat anere Fraen d'Fédération des Femmes Luxembourgeoises - FNFL gegrënnt. Si war och déi éischt Fra, déi 1975 an de Staatsrot genannt gouf. Zanter 1939 am Asaz fir d'Lëtzebuerger Rout Kräiz, war si wärend Jore Presidentin vun der Stater Lokal-Sektioun an ass nach haut am Verwaltungsrot vun dësem Organ aktiv. D'Juristin a fréier Bâtonnière um Barreau vu Lëtzebuerg, d'Annette Schwall-Lacroix, kuckt zeréck a beschreift, wéi d'FNFL Drock op d'Chamber an d'Regierung ausgeüübt huet, fir ë. a. eng Reform vun den Zivilrechter vun de bestuete Lëtzebuerger Fraen ze erreechen a fir esou déi archaesch Zoustänn hei am Land ofzeschafen.

Eng Emissioun vun 2005 vum Carlo Link.

Programm

  • Noriichten

  • On air

    Resonanzen

  • Den Nomëtteg

  • Noriichten

  • Kultur um 5

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen