De radio 100,7 Archiv Binôme: Jean-Claude Juncker an Edmond Israel

1998 huet de Jean Portante seng Emissioun "Visitekaart" mat enger klenger Verännerung um 100,7 ulafe gelooss. Den Titel dovu war "Binôme" an huet aus zwou Perséinlechkeete bestanen.

Edmond Israel , Jean-Claude Juncker
Edmond Israel Foto aus dem CNL; Fotograf Anise Koltz

Eng Emissioun, an där de Jean Portante zwou Perséinlechkeeten aus der sozio-kultureller Zeen (Kultur, Politik, Wëssenschaft, Sport, asw.) vum Land empfänkt. Zwou Perséinlechkeeten aus deemselwechte Beräich, déi sech schätzen, eppes mateneen ze dinn hunn a Loscht hunn, een iwwer deen aneren ze schwätzen. Zwee Portraiten entstinn esou, op eng originell Aart a Weis gezeechent.

Déi zweet Persoun ass den Invité vun där éischter. De Start huet den Jean Portante mam deemolege Premier Minister vu Lëtzebuerg gemaach, dem Jean-Claude Juncker. Deen dorops hi säin Virbild mat an de Studio bruecht huet. Eng Fro vum Jean Portante un de Jean-Claude Juncker war, wéi gutt hie säin Virbild, den Edmond Israel, wierklech géif kennen.

Ee ganz Intime Portrait vum Jean-Claude Juncker an dem Edmond Israel. Wou et net nëmmen ëm Politik an d'Lëtzebuerger Finanzplaz geet, mee wou zwou Persounen hir Frëndschaft dem Nolauschterer no bréngen. Fir dës Frëndschaft besser kennenzeléieren, kënnt Dir hei déi ganz Emissioun nach emol lauschteren:

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen