De radio 100,7 Archiv Binôme: Camille Kerger an Alex Mullenbach

Eng speziell Zort vu Schrëftsteller waren am Mäerz 1998 beim Jean Portante an der Emissioun Binôme, an där zwou Perséinlechkeeten aus der sozio-kultureller Zeen sech begéint sinn: De Camille Kerger a säin Iwwerraschungsgaascht, den Alexander Mullenbach.

Camille Kerger, Alex Mullenbach

Zwou Persounen, déi allen zwee Komponist, wéi och Dirigent sinn a sech och soss zimmlech gläichen. Mee eppes hunn déi zwee net gemeinsam. De Camille Kerger ass hei zu Lëtzebuerg bliwwen, an den Alexander Mullenbach ass fort op Salzburg gezunn. Huet hie sech vläicht ze vill ageengt gefillt?
Zwou Perséinlechkeeten aus demselwechte Beräich, déi sech schätzen, eppes mateneen ze dinn hunn a Loscht hunn, een iwwer deen aneren ze schwätzen. Zwee Portraiten entstinn esou, op eng originell Aart a Weis gezeechent.

Net verpassen

  • 17.10. De Gudden Toun

    De Gudden Toun.jpg

    Wann d'Deeg méi kal, gro a kuerz ginn, stécht deen een oder anere vläicht de Kapp nees méi an déi sozial Medien. An der Oktober Editioun schwätzen de Roland Meyer, Ian De Toffoli, Raoul Biltgen, Jeff Schinker an d'Anne Klein.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • CinÉast 2021

    Et ass déi véierzéngt Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 7. bis de 24. Oktober ginn Featuren a Kuerzfilmer aus Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen. Siwe Filmer sinn an der Kompetitioun.

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen