Zwou Beruffschambere plangen "Héichschoul vun der Wirtschaft"
D’Chambre de Commerce an d’Handwierkerkammer envisagéieren d’Schafe vun enger "Fachhochschule der Wirtschaft". Déi Héichschoul wier komplementar zur Universitéit a géing an enger éischter Phase de Bachelor-Niveau viséieren. Am Hierscht kéint dee konkrete Projet presentéiert ginn.
Am Beräich vun der Formation continue hunn d’Chambre de Commerce an d’ABBL de Projet vun der Fondatioun "Maison de Formation du patronat" praktesch stoen. D’Statute vun där Fondatioun ginn elo finaliséiert. Am Januar d’nächst Joer kéint een domadder lassfueren, esou den Direkter vun der Chambre de Commerce, de Carlo Thelen. Och do ginn et Gespréicher mat der Handwierkerkammer iwwert eng Participatioun un deem Projet.
Béid Beruffschambere wëllen iwwerdeems an Zukunft nach méi enk zesummeschaffen. Gespréicher ginn et iwwert ee gemeinsame Guichet unique fir d’Betriber ze beroden an ze begleeden. De Wirtschaftsministère, d’Chambre de Commerce an d’Handwierk kéinten do eng gemeinsam Struktur schafen.
De Bäitrag vum Carole Schimmer:
Et gouf och schonn éischt Gespréicher mam zoustännegen Héichschoulministère. De Staatssekretär Marc Hansen seet, de Ministère hätt staarken Interessen un esou engem Projet interesséiert. Et wier d'Zil vun der Regierung, fir d’Ausbildung méi un d’Besoine vun der Wirtschaft unzepassen. Esou eng Fachhéichschoul hätt ee scho laang kënne schafen, esou de Marc Hansen am Gespréich mam Carole Schimmer: