Cop26 Zweet Woch op der Welt-Klimakonferenz

D'Welt-Klimakonferenz zu Glasgow geet an déi zweet Woch. Bis e Freide soll et en Akkord ginn, wa méiglech een dee weist wéi d'Äerderwiermung op 1,5 Grad ka limitéiert ginn. Negociateuren op der Plaz weisen sech optimistesch, datt an dëser Woch d'Meenungsverschiddenheeten tëscht de verschiddene Länner kënne gekläert ginn.

Philip Crowther (Glasgow) / tt

A lifebelt hangs on the banks of the River Clyde in front of the UN Climate Change Conference COP26, which is taking place at the Scottish Exhibition and Conference Centre in Glasgow. For two weeks, some 200 countries are wrestling in Glasgow over how the
D'COP26 zu Glasgow. Foto: picture alliance/dpa | Christoph Soeder

Eng Woch laang schonn hunn d'Negociateuren aus knapp 200 Länner d'Dagesliicht bal net gesinn. Déi zweet Woch ginn d'Gespréicher och wuel bis spéit an d'Nuecht. Et geet drëms en Text ze fannen, deen den eenzele Ministere ka gewise ginn, an hiren Akkord ka kréien.

Eng Deklaratioun soll op den Dësch

Éischtens geet et drëms eng Deklaratioun op den Dësch ze leeën, deen nach eng Kéier d'Verspriechen anhale soll, d'Äerderwiermung op 1,5 Grad a maximal 2 Grad ze limitéieren. Detailer sollen dra stoen, wéi eenzel Länner assistéiere wëlle fir dat Zil ze erreechen.

Déi grouss Akkorde vun der éischter Woch wäerten drastoen, och wann déi net vun all Land ënnerschriwwe goufen: esou de Plang fir d'Zerstéierung vun de Bëscher virum Joer 2030 ze stoppen an d'Verspriechen Emissioune vu Methan ëm 30 Prozent ze kierzen. Et gëtt nach gehofft, datt aner Länner och nach dës Akkorden ënnerschreiwen. Esou kann d'Temperaturerhéijung op d'mannst theoretesch weider erofgeschrauft ginn.

Et ass een zwar optimistesch, datt e kompletten Text do stoe wäert, mee zu enger grousser Feier zum Schluss wéi zu Paräis 2015 kënnt et kaum. Et huet een nach eng Kéier gesinn, wéi verschidde Länner d'Negociatioune kënne ferm bremsen, Länner wéi China oder Saudi-Arabien zum Beispill.

E Reegelwierk soll och endlech komplettéiert gi fir déi vill Verspriechen anzehalen. Dat ass déi ganz Aarbecht, wou et schéngt endlos iwwer Transparenz, Finanzéierung fir aarm Länner, an aner nach méi komplex Themaen diskutéiert gëtt.

Ee Beispill: am Moment muss all Land seng eegen Ziler fir wa méiglech klimaneutral ze ginn all fënnef Joer presentéieren. Besonnesch d'Länner, déi am meeschten Zäregaser produzéieren, sollen dat all 1 oder 2 Joer maachen. Mee hiren Akkord dofir ze kréien, datt gëtt eréischt des Woch an den Negociatiouns-Raim entscheet.

Méi zum Thema

Aktivisten COP26
COP26

Fir den zweeten Dag hannerenee sinn dëse Samschden zéngdausende Manifestanten zu Glasgow op d'Strooss gaangen. Si hu fir méi Mesurë fir géint de Klimawandel ze kämpfe protestéiert.

COP26
Weltklimakonferenz

D'Weltklimakonferenz zu Glasgow ass elo voll amgaang. D'Experten op der Plaz probéieren d'Negociateuren ze beaflossen, d'Aktiviste probéieren hir Presenz spierbar ze maachen, an d'Politiker treffe sech haaptsächlech ënner sech.

Net verpassen

  • Rapport d'activités 2021

    Banner.jpg

    De Rapport d'activités 2021 vum radio 100,7 ass verëffentlecht ginn. E gëtt en Abléck an d'Aktivitéite vun de verschiddene Servicer a Redaktiounen am leschte Joer.

Programm

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen