Zwee Membere vun der Militärmusek bei strofrechtlechem Volet viséiert

Am Fall vun de presuméierten disziplinaresche Verstéiss bei der Militärmusek ass weder déi juristesch Instruktioun ofgeschloss nach déi disziplinaresch Instruktioun duerch den zoustännege Regierungskommissariat. Dat war haut op Nofro hi gewuer ze ginn.

Am strofrechtleche Kader sinn zwee Membere vun der Militärmusek viséiert, esou de Justizspriecher Henri Eippers.

De Verdeedegungsministère hat am November d’läscht Joer confirméiert, datt et e puer Perquisitioune goufen. Am Januar 2014 hat de Ministère eng Plainte beim Parquet deposéiert. Parallel waren disziplinaresch Prozedure géint verschidde Fonctionnaire vun der Militärmusek ageleet ginn.

Bei der Militärmusek soll et ee systematesche Bedruch rondrëm net geleeschten Iwwerstonnen an net zoulässeg Congésdeeg gi sinn, hat et an der Presse geheescht. Rieds goung och vum Verdacht, datt iwwer ee méi laangen Zäitraum Suen un eng fiktiv Asbl. iwwerwise gi wieren.

Programm

  • Noriichten

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

Dossieren

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen