Restriktioune vs Lockerungen Zwee Länner, zwou verschidde Decisiounen

Souwuel Lëtzebuerg wéi och Däitschland hunn dës Woch un hire Corona-Mesuren gedréit. Allerdéngs an zwou verschidde Richtungen. Vu datt d'Infektiounszuele sech awer a béide Länner ongeféier d'selwecht entwéckelt hunn, ass dat verwonnerlech, fënnt eisen Däitschland-Korrespondent Matthias Kirsch.

Matthias Kirsch / cz

Kommentar Matthias Kirsch
Foto: Archiv

A villen Haaptstied weltwäit goufen an der éischter Woch vum neie Joer verännert Mesurë virgestallt. An eleng d'Beispiller Däitschland a Lëtzebuerg weisen, wéi ennerschiddlech d'Regierungen mat der Situatioun ëmginn.

Hei an Däitschland sinn d'Kontaktbeschränkunge verschäerft ginn. Bis op mannst Enn Januar dierf ee sech just mat enger Persoun treffen, déi net zum eegenen Haushalt gehéiert. Den Eenzelhandel, deen net essenziell ass, bleift weider zou, genau wéi d'Restauranten an d'Schoulen. Donieft goufen eng Rei Neierungen agefouert. Déi wichtegst: A Regiounen mat enger 7-Deeg-Inzidenz vun iwwer 200 duerf ee sech just nach an engem Radius vu 15 Kilometer ëm déi eege Wunneng ophalen, ausser et geet ee schaffen.

Däitschland: E kloert Signal

D'Signal vun der däitscher Regierung ass kloer: D'Situatioun ass weider schlëmm, d'Zuelen, déi iwwer d'Feierdeeg erofgaange sinn, sinn trügeresch. No e puer Deeg muss ee soen: Genau sou ass et och. Haut um Freideg gouf e neien Rekordwäert u Corona-Doudegen an Däitschland gemellt, an et hu sech bal 32000 Leit an de leschte 24 Stonnen mam Virus ugestach.

Déi lëtzebuergesch Regierung ass, wat d'Signalwierkung ugeet, eng aner Direktioun gaangen. Datt d'Butteker no just zéng Deeg nees dierfen opmaachen, obwuel d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert selwer sot, et wier een net grad do, wou een gäer wier - dat ass numol schon e besse skurril.

Lëtzebuerg: Eng verkéiert Logik

Wéi gesot: Et geet ëm d'Signalwierkung. Wéi vill Infektiounen op den Handel zréckzeféieren sinn, ass eben praktesch onméiglech ze quantifizéieren. Mee d'Butteker opzemaachen, während ee vun de Leit jo awer well, datt se sech sou wéineg wéi meiglech deplazéieren, ass eben eng verkéiert Logik.

Besonnesch verwonnerlech ass awer eben, wéi ennerschiddlech decidéeirt gett, obwuel een an enger selwechter Situatiounen ass. Souguer d'Paulette Lenert sot, Letzebuerg géif, wat déi aktuell Lag ugeet, "an de selwechte Gewässer wéi d'Nopeschlänner schwammen."

Well wat ass dann d'Resultat vun där Feststellung? Misst et net sinn, dann och esou ze reagéieren? Däitschland verschäerft, Letzebuerg lackert. Dat kléngt net nom selwechte Gewässer.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Matthias Kirsch
Lauschteren

Méi zum Thema

COVID19-Gesetzer
Coronavirus

E Méindeg soll dat neit Covid-Gesetz a Kraaft trieden. De Rapporter vum Gesetzesprojet verteidegt d'Demarche vun der Regierung, et kéint awer sinn, datt een a puer Wochen nees misst "zouzéien". D'Oppositioun kritiséiert déi Approche.

 

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen