Aarbechtsvisite an Israel "Zu Lëtzebuerg stinn d'Dieren op"
Dem Premier seng No-Ost Visite ass eriwwer. Um leschten Dag vu senger Tournée war de Xavier Bettel op Besuch zu Ramallah a palestinenseschem Gebitt. Hien huet sech do mam palestinensesche Premier Rami Hamdallah ënnerhal. No senger Visite am Noen Oste koum de Lëtzebuerger Premier zur Konklusioun, datt esouwuel Israel wéi Palestina oppe wieren, fir mateneen ze schwätzen.
Genee wéi säin israeleschen Homolog Benjamin Netanjahu huet och de palestinensesche Premier Rami Hamdallah gesot, datt een op fir Verhandlunge wier.
De Xavier Bettel ass enthusiastesch. Hien hofft, datt d'Verhandlungen, déi a Russland a Frankräich ugefaange goufen, weidergefouert ginn. "Wa se weder bei deenen engen nach bei deenen anere sinn, da wëssen si, datt zu Lëtzebuerg d'Dieren opstinn, fir en Dialog."
De Lëtzebuerger Premier huet awer betount, datt fir d'éischt déi franséisch a russesch Initiative solle genotzt ginn. Ze vill Initiative géifen den Diskussioune schueden. En Datum fir méiglech Verhandlungen zu Moskau, tëscht dem palestinensesche President Mahmud Abbas an dem israelesche Premier Benjamin Netanjahu, gouf awer net genannt.
Géint Prekonditiounen
Och de Sträit iwwert déi israelesch Kolonien op palestinenseschem Gebitt am Westjordanland goufen thematiséiert. Dozou sot de Xavier Bëttel dat selwecht wéi den israelesche Premier: Nämlech datt d'Verhandlungen ouni Prekonditioune missten ugoen.
"Et soll een net schonn am Viraus soen, wat een net wëll, fir iwwerhaapt zesummen ze diskutéieren." Jidderee géing iwwert deen Aneren, mee net mat dem Anere schwätzen, bedauert de Xavier Bettel. "Fir eis geet et virun allem dorëms, datt eng Agenda fixéiert gëtt an ee sech driwwer eens gëtt, wéi d'Zukunft soll ausgesinn."
"Et ass ee kengem säi Feind"
Bei der Visite vum Premier ass et och ëm eng wirtschaftlech akademesch Zesummenaarbecht mat Israel gaangen. De Lëtzebuerger Premier huet betount, datt d'Zesummenaarbecht mat där enger Partie awer net déi mat där anerer géing ausschléissen. Lëtzebuerg hätt eng Respektpositioun, esouwuel fir Israel, wéi och fir Palestina.
Lëtzebuerg wier fir eng Zwee-Staate-Léisung am Respekt vum internationale Recht. "Dat hunn ech hei op all de Plaze gesot, an ech sinn néierens erausgeflunn."