Zousätzlech Opfangstrukture fir Flüchtlingen

D'Flüchlingszuele sinn an deene leschte Woche konstant geklomm. De Regierungsrot huet dowéinst décidéiert, datt dräi Siten temporär wäerte genotzt gi fir de Flüchtlingen en éischten Accueil ze garantéieren. Donieft gëtt och d’Personal vum OLAI opgestockt.

20150911-Cahen-1000933

Den Office luxembourgeois de l’accueil et de l’intégration soll laangfristeg 20 Leit bäikréien. Dorënner Educateuren, Assitant-socialen an och administratiivt Personal. Si wär immens dankbar, sot d’Familljen- an Integratiounsministesch Corinne Cahen um Freidegnomëtteg virun der Press. De Regierungsrot hätt décidéiert, datt den OLAI aus all Ministère ee Beamte kéint zur Verfügung gestallt kréien, bis Leit recrutéiert wären.

Nei Opfangstrukturen

An de leschten Deeg si bis zu 30 Réfugiéen den Dag hei zu Lëtzebuerg ukomm. De Centre de premier acceuil Lily Unden um Lampertsbierg stéisst u seng Grenzen. De Regierungsrot huet sech an deem Kader op dräi Sitë gëeenegt, déi alles an allem 600 Leit kenne ophuelen. Dat wären temporär Solutiounen, déi awer dee Virdeel hätten, datt ee se séier kéint benotzen, esou d’Corinne Cahen. Dozou gehéieren en Deel vun der aler Maternité op der Areler Strooss an den ale Centre de Logopédie.

Fir eng kuerz Zäit kéinten och déi al Kasären am Park zu Ettelbréck genotzt ginn. Dat ass en Deel vum CHNP, deen an engem Joer ofgerappt gëtt. Do kënnen an zwee Gebaier zesummen 240 Leit ënnerbruecht ginn.

Donieft gouf och eng Lescht vun eventuelle Terrainen opgestallt, op déi Kontainerstrukturen kéinten hikommen. Do kéint een awer de Moment nach net ganz vill soen. Et misst fir d’éischt mat den eenzelne Gemenge geschwat ginn. Wa Lëtzebuerg mat enger ganz grousser Zuel vun Flüchtlingen confrontéiert wier, da géing et awer nach eng Alternativ ginn, esou d’Corinne Cahen.

Foireshal als Alternativ

Et géif sechs bis aacht Méint daueren, bis d’Containere géifen ukommen. Wann et wierklech néideg wär, géint eng Foireshal benotzt ginn, sou d’Integratiouns- a Familljeministesch. Do géifen allerdéngs Zelter opgestallt ginn.

D’Corinne Cahen ass iwwerdeems ganz frou, datt eng Rei Gemengen hir fräi Strukturen gemellt hunn. Et misst ee solidaresch sinn, an et wier wichteg de Flüchtlingen een adequaten Dach iwwer dem Kapp ze ginn.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen