Drogepolitik “Zimlech progressiv national Drogepolitik”

Hei am Land ginn et ronn zweedausend problematesch Drogekonsumenten. Eng Zuel déi an de leschten 10 Joer zeréckgaangen ass. 2016 soll een Heroinprogramm ulafen. Schwéier ofhängeg Drogekonsumente kréien dann 2 bis 3 Mol den Dag am Siège vun der Jugend an Drogenhëllef puren Heroin ausgedeelt.

Riicht Eraus Alain Origer.jpg
Alain Origer, Drogebeoptragte vum Gesondheetsministère

Déi lëtzebuerger Drogepolitik ass zimlech progressiv, mengt de nationalen Drogebeoptrage vum Gesondheetsministär, Alain Origer. Zu Lëtzebuerg ass den Drogekonsum entkriminaliséiert ginn an Drogenofhängeger kréie propper Sprëtzen. D’Fixerstuff an der Stad huet an de leschten 10 Joer vill Liewe gerett an huet och positiv Auswierkungen op d'Gesondheet. Eng zweet Fixerstuff kënnt geschwënn nach op Esch.

Zenter 2 Joer collaboréieren déi zoustänneg lëtzebuerger Servicer iwwregens mat de franséischen Autoritéiten fir och an enger Rei franséische Stied “Fixerstuffen” an d’Liewen ze ruffen.

Drogekonsum zu Lëtzebuerg

Hei am Land ginn et ronn 2 dausend problematesch Drogekonsumenten. Eng Zuel déi an de leschten 10 Joer zeréckgaangen ass. Zum Deel och well ëmmer méi Betraffener mam Drogekonsum al ginn. Sougenannten UDP "usagers de drogue problématiques" consomméieren haut alles wat um Drogemarché ass, sinn also sougenannte Polykonsumenten.

Drogepolitik

Den A an den O vun enger Drogepolitik ass Clivagen tëschent Preventioun, Risikoreduktioun a Repressioun ofzebauen, esou den Alain Origer. Lëtzebuerg huet eng “Suchtstrategie”, an déi sech eng Rei Aktiounspläng géint de Konsum och vun Alkohol oder Zigaretten aglidderen. Mais déi sech och mat der Spillsucht befaasst. Ronn 20 Milliounen Euro ëffentlech Ausgaben ginn iwwregens an d’Preventioun an d’Repressioun vun den Drogen zu Lëtzebuerg.

An der Mediathéik:

Riicht eraus / /
Lauschteren

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen