Xavier Bettel: Solidaritéitsmarsch zu Paräis war een emouvanten a staarke Moment

De grousse Solidaritéitsmarsch zu Paräis war een emouvanten a staarke Moment, esou de Xavier Bettel am 100,7-Interview. Beim Empfank vun de ronn 60 Staats- a Regierungschefen am Elysée wier d’Atmosphäre gedréckt gewiescht, esou de Premier.

De Message vun de Bierger misst elo seriö geholl ginn. Um EU-Sommet an engem Mount misst doriwwer diskutéiert ginn. Bei verschäerften Antiterrormesurë misst et de richtegen Equiliber fonnt ginn, op Basis vun den Experienzen aus den eenzelne Länner, huet de Xavier Bettel betount. Aus den Erfahrunge misst geléiert ginn an den Echange wier méi wichteg wéi je. Och d’Präventioun wier ganz wichteg, esou de Premier. Dozou géif och d’Kooperatiounspolitik gehéieren.

Den Interview vum Serge Kesseler mam Premier Xavier Bettel

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen