"Wouriwwer stëmme mer eigentlech de 7. Juni of?"

D’Referendumscampagne geet sou lues an d’Schlussphase. Während der Päischtvakanz wäert et méi roueg ginn, an da bleift nach eng Woch fir Campagne fir de Jo oder den Nee ze maachen. Elo awer scho kann een der Meenung sinn, datt Lëtzebuerg fir den Ament net capabel ass eng ëffentlech Debatt iwwer Ännerungen ze féieren. Lëtzebuerg huet sech vläicht an de leschte Joere méi verännert wéi dat ville Leit an de Krom passt, esou de Jean-Claude Franck an engem Kommentar

Virun zwee Joer ass eng Regierung mam “éiwege” Premier Jean-Claude Juncker iwwert hir Affaire gefall, obwuel d’Wirtschaftsakteuren am Ausland ëmmer déi grouss politesch Stabilitéit als en Atout vum Land verkafen. D’CSV, déi 35 Joer um Stéck an der Regierung war, sëtzt op eemol an der Oppositioun : e Luc Frieden, e François Biltgen oder e Jean-Claude Juncker si vun der innepolitescher Bühn verschwonn, an hirer Plaz sëtze Youngsters, déi definitiv nach net als “Pappe vun der Natioun” gëllen.

Dobäi kënnt, datt Lëtzebuerg wiisst. Iwwert eng hallef Millioun Awunner, wien hätt dat geduecht? Den Homo-Mariage ass op eemol legal, d’Wunnengen an d’Bauland si knapp an deier, de Chômagetaux ass zwar par rapport zum Ausland niddereg, an trotzdem esou héich wéi nach ni, d’Stroosse ginn ëmmer méi enk. 165000 Frontaliere kommen hei an d’Land schaffen, d’Zuel un auslännesche Residente läit bei 48 Prozent a klëmmt. D’Bankgeheimnis an d’Steierrulinge hu missen ofgeschaaft oder verännert ginn, well et “Drock aus dem Ausland” gëtt – dobäi hunn d’Lëtzebuerger sech wéineg fir déi Saachen interesséiert soulaang se dru gegleeft hunn datt et zu hirem Wuelstand bäidroe géif. Déi “national Souveränitéit”, dat spieren d’Lëtzebuerger am Joer 2015 mam Bauch, huet d’Land deelweis un déi grouss Wirtschaftsakteuren ofgetrueden. Dat war vläit och schonn a Stolzäiten esou, mä d’Arbed huet ebe méi Lëtzebuergesch gewierkt wéi PWC, Deloitte, KPMG oder EY.

Zu wat féiert alles dat an enger Gesellschaft, wann ee weess, datt “de” Lëtzebuerger gär e stabelt a previsibelt Liewen huet ? Et féiert dozou, datt vill Lëtzebuerger kee Vertraue méi an d’Politik hunn. Datt se mengen, datt zënter Joere souwisou nëmmen nach alles d’”Baach era geet”. Datt d’Land “just nach zoubetonéiert gëtt” a “mir geschwënn näischt méi am eegene Land ze soen hunn”. D’Kritik um “Wuestumsdogma”, wéi se och vun engem Mouvement Ecologique formuléiert gëtt, fanne vill Leit eigentlech ganz sympathesch – och wa se aner Motivatiounen dofir hu wéi vläit e Mouveco. De Kierchbierg zum Beispill, deen nach viru Jorzéngten eng Kouwiss war, an dee fir vill Lëtzebuerger haut en “Dschungel u Chantieren a Verännerungen” ass an dee si sech mam eegenen Auto nëmmen nach ongär eran trauen, ass esou e Symbol vum “Lëtzebuerger-Syndrom”, anno 2015.

An da kënnt eng nei Regierung, där net richteg getraut gëtt, an da seet se, si géif gär d’Meenung vum Vollek héieren, woubäi d’Vollek sech hei op d’Lëtzebuerger beschränkt. A genee deen Deel vun der Gesellschaft kritt d’Geleeënheet, mat engem fetten dräifachen Nee dat auszedrécke, wat schonn zënter laangem a sengem Bauch rumouert.

Dat géif dann och erkläre firwat der vill nach ëmmer net ganz genee wëssen, iwwer wéi eng dräi Froe si de 7. Juni ofstëmmen. Dat geet an deem ganze Sammelsurium un Ängschten ënner. D’CSV huet dat ganz gutt verstan a spillt domat, d’Regierung hirersäits huet et verpasst de Leit genee z’erkläre, wéi e Problem iwwerhaapt soll behuewe ginn. Et ass e Feeler de Leit engersäits ze soen, d’Auslännerwahlrecht an d’Erofsetze vum Wahlalter missten en Demokratiedefizit behiewen, an anerersäits bräichten d’Leit keng Angscht ze hu well esouvill Wieler kéime jo guer net bäi.

D’Campagne, dat kann een elo scho soen, ass net gutt verlaf. Wann d’Chamber d’Land net méi vertrëtt; wann déi Pensionéiert an al Leit sou wéi d’Fonctionnairen am Elektorat iwwerrepresentéiert sinn, d’Salariat an d’Chômeuren ënnerrepresentéiert, dann hätt dat misse fréi a ganz engagéiert vum Lager vum Jo opgeworf ginn. Et geet net duer de Leit ze soen, datt een eppes ännere wëll - et muss een och dofir kämpfen an et brauch een e Plang, vun Ufank un...

De Kommentar fir nozelauschteren :

Net verpassen

Programm

  • Panorama

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

  • Sot emol

  • Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen