CSV-Spëtzekandidatur: Wiseler leet sech net fest
De Claude Wiseler wëll nach net soen, ob hie bei de nächste Chamberwahlen an dräi Joer Spëtzekandidat fir d’CSV wéilt sinn. An eiser Emissioun Riicht Eraus sot den CSV-Fraktiounschef: "Et schléisst ee selbstverständlech näischt aus, mee haut ass net Zäit an de Moment fir esou eng Fro definitiv ze beäntweren." Dass der gréisster Oppositiounspartei den Ament ee Leader am Stil vum Jean-Claude Juncker fehlt, wier kee Problem, mee eng Erausfuerderung fir d'Partei, sech méi breed opzestellen.
Ob d’CSV-Europadeputéiert Viviane Reding un enger Spëtzekandidatur interesséiert ass, dozou wollt de Fraktiounschef näischt soen. Hien wéisst och net, ob de fréieren CSV-Finanzminister Luc Frieden ee Retour an d’Politik plangt. Hien wier awer net frou gewiescht, wéi de Luc Frieden gaange wier.
Dramberuff Schrëftsteller
De Claude Wiseler huet eng Dokteraarbecht iwwer zwee politesch engagéiert Schrëftsteller geschriwwen: Den Antoine de Saint-Exupéry an de Pierre Drieu La Rochelle. Et hätt hie faszinéiert, wéi sech dësen Auteuren hir politesch Iwwerzeegungen an der Zäit virum a während dem Zweete Weltkrich verännert hätten.
Dass hien no senger These keng akademesch Carrière suivéiert, hätt ënnert anerem eppes domadder ze dinn, dass hien ee Posten am Educatiounsministère proposéiert krut. Wat hien haut bedauert wier, dass hien net méi derzou kéim literaresch Texter ze schreiwen. Schrëftsteller ze ginn, wier ëmmer een Dram vun him gewiescht. An engem aktive Liewen als Politiker hätt een awer keng Rou fir "sech dohin ze sëtzen an dat wat een denkt, fillt, spiert auszedrécken op eng literaresch Weis."
Säin Interessi un der Politik an un der CSV hätt hien awer schonn am Lycée entdeckt. Deemools wier hie guer net averstan gewiescht mat den Educatiounsreforme vun der sozialliberaler Koalitioun vun 1974-1979.
Wéi de Claude Wiseler 2004 an d’Regierung komm ass, hätt hien "net ongär" den Educatiounsministère iwwerholl. Zur Fro ob et dozou net komm ass, well de Jean-Claude Juncker him déi Tribün net wollt ginn, sot de Claude Wiseler: Sou ausgedréckt géif dat net ganz stëmmen, "mee et ass awer och net ganz falsch". Deemools wier den Educatiounsministère eben un d’LSAP gaangen.
Beim Kannergeld spueren
Zur Aarbecht vun der Regierung sot de Claude Wiseler ënnert anerem, dass DP, LSAP an déi Gréng hir Verspriechen a Saache Budgetskonsolidéierung net serieux genuch huelen. Eng Rei Mesuren aus dem Zukunftspak géifen deels einfach ewech gelooss oder ëmgeännert ginn. An da géifen zousätzlech Depensë gemaach ginn, déi am Budget net virgesi waren. De Claude Wiseler huet déi gratis zweesproocheg Crèchen an d’Hausse vum Congé Parental genannt.
Weider Spuerefforte sinn a sengen Aen néideg, fir d'Staatsschold an de Grëff ze kréien. "Mam Prinzip a mat den Zommen, déi sollen agespuert ginn, si mir um selwechte Wee wéi d’Regierung. Just den Inhalt, wéi et gemaach gëtt, kënne mir net deelen." Amplaz d’Allocation d’education ofzeschafen, hätt een zum Beispill allgemeng beim Kannergeld kënne spueren.
Frust um Klimasommet zu Kopenhagen
2009 war de Claude Wiseler als deemolegen Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister um Klimasommet zu Kopenhagen, op deem anescht wéi erhofft, keen internationale Klimaaccord decidéiert gouf. Dee Sommet war "eng vun de gréisste Frustratiounen, déi ech a menger Regierungscarrière hat, well ee sech op där UNO-Konferenz relativ onnëtz virkomm ass." Hien hätt d’Gefill gehat géint Wandmillen ze kämpfen. An dat an der Europäescher Unioun selwer, mee haaptsächlech well vill aner grouss Länner d’Diskussioune gebremst hunn. "Dorausser hunn ech geléiert, dass een och an der Klimapolitik ganz gutt muss oppassen, wéi een déi grouss Hoffnungen ëmsetzt." Et wier besser “Schrëtt fir Schrëtt” ze goe fir eppes Konkretes ze erreechen, och wann d’Resultat nach net zefriddestellend ass.
Beim Klimasommet zu Paräis am Dezember stéing d’EU méi ënner Drock mat enger gemeinsamer Positioun opzetrieden, "well och déi grouss Länner wéi d’USA a China sech beweegt hunn". Déi Lëtzebuerger Semester-Presidence hätt eng grouss Responsabilitéit, well se am Numm vun den 28 EU-Memberstate muss verhandelen.
De Claude Wiseler huet nach kritiséiert, dass déi Gréng hir Wahlverspriechen a Saache Klimaschutz net géifen ëmsetzen: "Ech waarden haut nach drop, datt se eis soe wat eng ecologesch Steierreform ass." Och beim Tanktourismus hätt sech nach näischt gedoen.
Audio:
Den Interview vum Pia Oppel mam Claude Wiseler: