Wirtschaftschronik: Wie méi al gëtt, wiisst manner
An e puer Joer wäert Lëtzebuerg zu de “super-ale” Gesellschafte gehéieren, wou méi wéi 20% vun der Bevëlkerung méi al wéi 65 Joer sinn. Dësen Alterungsprozess huet net nëmmen Effeten op d‘Sozialversécherungen, mee och op d’Wirtschaft allgemeng: De Wuesstem leit ënner dem Al-Ginn. D’Wirtschaftschronik vum Jean-Paul Hoffmann beliicht d’Thematik.
Lëtzebuerg ass, wat d‘Liewenserwaardung vun der Bevëlkerung ugeet, weltwäit am Spëtze-Peloton. Laut STATEC ass déi Liewenserwaardung an de leschten 30 Joer signifikant an d‘Luucht gaang. Männer ginn haut am Schnëtt bal 10 Joer méi al wéi nach 1981, Fraen hu bal 8 Joer Liewenszäit gewonn.
Wat ass dann den ekonomeschen Impakt vun esou enger Evolution?
Deen ass op der enger Säit positiv. Wann d ‘Leit méi laang liewen, huele si och méi laang Deel um ekonomesche Liewen, bleiwen en Deel vum Konsum- a Produktiounsapparat. An dat wier, à première Vue zumindest, eigentlech ganz wëllkomm am därzäitege Kontext, wou Politiker, Banken an Zentralbanke sech iwwer d‘Schwächt vum Wirtschafts-Wuesstem Suergen maachen.
Allerdéngs gëtt dësen Effet duerch aner Konsequenze vum Alterungsprozess esou ofgeschwächt, dass den Impakt op de Wirtschaftswuesstem carrément negativ gëtt. E Beispill sinn déi Laaschten, déi zukënfteg zu Lëtzebuerg de Pensiounskeesen an dem Staat wäerten entstoen, um Horizont 2060.
En ähnlecht Argument entwéckelt och eng Étude vu Moody’s, déi rezent zu dem Thema publizéiert gouf.
Moody’s huet duerfir déi Länner ënnert d‘Lupp geholl, déi haut mat engem “triple A” notéiert sinn. An dëser Grupp klemmt an den nächste 25 Joer d‘Zuel vun de sougenannte “super-ale” Gesellschaften vun haut 3 op 21 am Joer 2030. Super-al, dat sinn déi Gesellschaften an deenen di eeler Leit vu méi wéi 65 Joer iwwer 20% vun der Bevëlkerung ausmaachen.
Dësen Alterungsprozess bremst laut Moody’s de Wirtschafts-Wuesstem em 0,4 Prozentpunkten an der Period 2014-2019, an em bis zu 0,9 Prozentpunkten an der Period 2020-2025.
Moody’s identifizéiert dofir zwee wesentlech Grënn:
Éischtens. Wat eng Populatioun méi al gëtt , wat den aktiven, beruffstätege Bevëlkerungsdeel relativ méi kleng gëtt. D‘Offer un Aarbechtskraaft geet erof, an dat impaktéiert d‘Léin a Gehälter an natierlech d‘Kompetitivitéit.
Zweetens. Eng Gesellschaft déi méi al ass, spuert och manner. Eeler Leit bauen an der Regel hier Erspuernisser of. Wa global an enger Gesellschaft den Taux d’Épargne erofgeet, heescht dat, dass nëmme manner oder zu méi deieren Konditiounen kann investéiert ka ginn, wat en Impakt op d’zukënfteg Croissance huet.
Wat heescht dat fir Lëtzebuerg? Wat misst hei geschéien, fir den Impakt vum Alterungsprozess op de Wuesstem ze kontrolléieren?
D'Äntwert ass, dass verstäerkt Rezepter applizéiert musse ginn, déi mir souwisou zanter Joren ëmsetzen. Zum Beispill weiderhi jonk a qualifizéiert Aarbechtskraaft aus dem Ausland importéieren fir den internen Defizit ze decken.
Et heescht och, weiderhin oppe Grenzen behale fir d’Flux de Capitaux (well virun allem auslännescht Kapital dreift eis Wirtschaft).
Et heescht innovéieren a rationaliséieren fir d’Produktivitéit ze verbesseren.
A well et méi eeler Leit wäert ginn, musse mir Modeller entwéckelen wéi des eeler Leit méi laang op intelligent Aart a Weis kënne weider am Aarbechtsprozess bleiwen. Domat ass d‘Fro vum Pensiounsalter gestalt. An dat gëtt nach eng spannend Debatt, voll politesch Minnefelder an Tabuen.