Wirtschaftschronik: Steierreform - Eng multidimensional Schachpartie
De Steierdossier ass wéi eng grouss multidimensional Schachpartie, eng zimlech villschichteg Affaire mat ville méigleche Kombinatioune vun Zich. Duefir ass et e rengen Zäitverloscht deene Leit nozelauschteren, déi behaapten, dass et awer schliisslech einfach Léisunge géinge ginn. Eng komplizéiert Wirtschaftschronik vum Jean-Paul Hoffmann.
No Luxleaks 1 an 2 herrscht elo eng Drôle de Guerre an der politescher Debatt em Besteierung, Steierflucht, a Steierreform.
Aktivismus a Gedäisch sinn um Ordre du Jour. Luxleaks ass jo eng super Geleeënheet, fir de Moralapostel eraushänken ze loossen.
Op Säite vun de Regierunge gëtt sech europawäit de Kampf géint komplex Mesuren op de Fändel geschriwwen, mat deene Betriber hir Steierschold ënnerlafen. De britesche Finanzminister huet dëser Deeg eng sougenannt Google Tax virgeschloen, déi 1,5 Milliarde Pond soll an d‘Kees spillen. A Lëtzebuerg, wéi och Holland, erkläere sech bereet, hir Steier-Rulings mat anere Länner auszetauschen.
Wien als Regierung den Androck opkomme léisst, dass een näischt géing ënnerhuele fir déi komplex Konstrukter ze ënnerbannen, mat deene grouss Firmen hir Steierlaascht minimiséieren, grad an enger Zäit wou an de Staatskeesen grouss Lächer ze fëlle sinn, dee verspillt säi politescht Kapital.
Par konter wëllt ee sech positionéieren als Champion vun der Steiergerechtegkeet, an deem Sënn dass Steieren a gerechtem Undeel sollten an deem Land bezuelt ginn, wou e Betrib och de besteierbare Bénéfice generéiert.
Wat genee dëse “gerechten Undeel” awer ass, dat ass jo di wierklech interessant Fro.
Zu Lëtzebuerg gouf si dëser Deeg marginal undiskutéiert, am Kader vun der Debatt iwwer d‘Kompetitivitéit an der Chamber. Do gouf et e klengen Avant-Goût vun de Komplexitéiten, mat deenen ee sech hei muss ausernee setzen. Et wäert laang a penibel Diskussioune ginn ier de Fine Tuning vun der Steierreform gemaach ass, Kompromësser fonnt an d’Laaschteverdeelung austaréiert ass.
Een Deel dovu gesäit sech nach relativ einfach un. Dat ass dee vun den Tax Rulings, dee Lëtzebuerg an d‘Zweckmillche bruecht huet. D‘Regierung huet Besserung versprach – Rulinge sollen transparent ginn, an domat klemmt de Steier- Harmoniséierungsdrock. Mais opgepasst: Steierpolitik ass e Kompetitivitéits-Facteur. Wien ze fréi bougéiert, dee bäissen d’Honn. Lëtzebuerg ass do an enger ähnlecher Situatioun wéi d’Offshore-Zentre vum United Kingdom. Och Gibraltar an d’Bristish Virgin Islands fannen, dass Transparenz eréischt dann eng nëtzlech Saach ass, wann all déi aner di selwecht Regelen applizéieren.
Den aneren Deel vun der Diskussioun, di versprache Steierreform, riskéiert eng ganz kniwweleg Affaire ze ginn. Auszebalancéiere sinn zum Beispill di relativ Belaaschtunge vun de Personnes Physiques a vun de Betriber; do si vill Schrauwen, un deene gedréint ka ginn. De Problem ass, dass do am Niwwel navigéiert gëtt. Lëtzebuerg huet einfach net déi Donnéeën, déi engem fundéierten Débat iwwer d’Besteierung vun de Persounen missten zu Grond leien – zum Beispill, wéi d’Distributioun vun alle Revenuen wierklech ausgesäit.
D’OECD huet virun e puer Deeg eng Étude publizéiert, déi nach eng Kéier vir rechent, dass Lëtzebuerg alles anescht wéi en Niddregsteierland ass. D‘gesamt Steierbelaaschtung, inklusiv Sécurité sociale, läit bei iwwer 39 Prozent vum PIB – méi héich si just nach d ‘Skandinavesch Länner, Italien, d‘Belsch a Frankräich. D’Steierlaascht alleng vun de Betriber läit zu Lëtzebuerg bei 4,9% vum PIB, an Dänemark bei 3,3 Prozent , a Frankräich 2,6 Prozent, an an Däitschland bei 1,8 Prozent.
An e weideren Aspekt sollt een och net vergiessen – nämlech dass Steierpolitik international kompetitiv muss sinn. Den Zweck vun der internationaler Concertatioun an dësem Beräich ass net, Konkurrenz auszeschléissen – Konkurrenz suergt dofir, dass net jidder Land seng Steiersätz um Niveau vun deene vun Dänemark landen. Steierkonkurrenz ass domat och en Instrument fir d’wirtschaftlech Croissancë ze stimuléieren.
Fannt Dir net och, dass dëst kuerzt Gespréich mëttlerweil zimlech komplizéiert ginn ass? D'Matièrë ass effektiv extrem komplex. Duerfir ass et e rengen Zäitverloscht, deene Leit nozelauschteren di behaapten, dass et an dësem Beräich awer schliisslech einfach Léisunge ginn.