Wirtschaftschronik: Kompetitivitéit ass e Marketing Message
De leschten Dënschdeg huet de Lëtzebuerger Observatoire de la Compétitivité eiser Économie eng verbessert Wettbewerbsfähegkeet an di 6. Plaz am europäesche Vergläich beschäinegt. Just e puer Stonne méi spéit huet d’Weltbank hire rezenteste Ranking publizéiert, an dora lant Lëtzebuerg op der 59. Plaz weltwäit. Di zwee Klassementer sinn net vergläichbar a moossen verschidde Saachen. Iwwerleeunge vum Jean-Paul Hoffmann iwwert de Kompetitivitéits-Bilan, a wat dovun zeréckzebehalen ass.
Den Observatoire de la Compétitivité huet virun e puer Deeg der Lëtzebuerger Ekonomie eng relativ Verbesserung vun hirer Wettbewerbsfähegkeet beschäinegt. Am Gesamtklassement vun den 28 europäesche Staten huet sech Lëtzebuerg op di 6. Plaz verbessert, erop vun der 13. Plaz am leschte Joer.
Et ass en zimlech haarden, politesche Kommunikatiouns-Challenge, fir de Kompetitivitéits-Bilan vun der Lëtzebuerger Économie nuancéiert ze vermëttelen.
E Kompetitivitéits-Bilan ass - net nëmmen, mais och - e Marketing-Mëttel. Am internen Debat ass et eent vun den Instrumenter, déi an den Diskussiounen zwëschen de Sozialpartner zum Asaz kommen, an hëllefen, d ‘Realitéiten net aus den Aen ze verléieren.
Extern ass et eent vun deenen Instrumenter, mat deene sech Lëtzebuerg am internationale Konkurrenzkampf em nei Betriber a Kapital an Investisseure bedeelegt. De Kompetitivitéits-Bilan beschreift den Zoustand vun de Kabelen, de Schläich, de Ventillen, de Kolwen an Zännrieder am Motorraum vun der Économie sou schéi wéi méiglech.
Zu Grond läit d‘Iwwerzeegung, dass et gutt a wichteg a gottgefälleg ass, dass kommerziell Talenter sech aus liewen an entfalen, dass Betriber mat Succès Geschäfter a Profit maachen - an dass et normal ass, dass Betriber am internationale Konkurrenzkampf éischter dohi ginn, wou dat méi einfach méiglech ass. Dat ass zu Lëtzebuerg , wou 45% vun de Wieler direkt oder indirekt am Staatsdéngscht hir Kuuscht verdéngen, och en innepolitesche Message.
Wat ass also zréckzebehalen aus dem Kompetitivitéits-Bilan?
Mir kennen onendlech vill Variatioune vun Indexen a Rankinge rechnen. Am Enn sinn awer d’Kompetitivitéits-Faktoren vu Betrib zu Betrib ënnerschiddlech. Fir den een ass d’Disponibilitéit vun héich qualifizéierter Main d’Oeuvre an en Innovatiounsklima wichteg; dat war massgebend an der Décisioun vun Netflix, hire Siègë vu Lëtzebuerg an Holland ze verleeën. Fir déi aner ass d’Produktivitéit méi relevant, oder de Präis vun der Aarbecht oder vun der Energie.
D’Investisseure stëmmen da gewëssermoosse mat de Féiss of, realiséiere Projeten oder net, schafen Aarbechtsplazen, produzéieren, exportéieren, generéiere Steieren (oder och net, wa se vun zevill generéisen Tax Rulings profitéieren).
Un deenen direkt Business-zentréierte Critère gemooss, steet Lëtzebuerg eigentlech net schlecht do. D’Ekonomie schaaft weiderhin Aarbechtsplazen, de PIB wiisst, Inflatioun a Staatsschold sinn ënner Kontroll.
Mais da ginn et awer och di aner Critèren, déi di soft Power projezéieren, déi d’sozial Kohesioun an d’Sustainability vun eisem Wirtschaftsapparat beschreiwen, déi d’Ëmwelt an Klima-Dimensiounen mat an d’Equatioun ophuelen, déi Recherche a Bildungsniveau moossen – grad si sinn et, déi dat laangfristegt Element an der Kompetitivitéits-Landschaft beschreiwen. An dëser Kategorie schneide mir net esou gutt of; do bewege mir eis dacks um Schwanz-Enn vun der Prozessioun.
Den Tatbestand ass zanter laangem bekannt. Genee do ass ee vun de grousse Chantieren vun der Kompetitivitéit. Lëtzebuerg wëllt di héichklasseg Betriber ulackelen, déi mat der héijer Valeur ajoutée. A grad déi sinn dacks ganz sensibel op di soft Critèren vun der Kompetitivitéit.