Wirtschaftschronik: Kleng Kricher, grousse Business
Egal ob de Krich kleng oder grouss ass, Krich ass big Business. De Waffenhandel boomt, den Ëmsaz geet an d’Luucht. A senger Wirtschaftschronik befaasst sech de Jean-Paul Hoffmann haut mat dësem Milliarde-Geschäft.
Mir feiere Chrëschtdag, an de Krich geet weider. Kleng Kricher sinn et jo hautdesdaags, am Vergläich zu den zwee grousse vum leschte Joerhonnert. Mol si se méi breet ugeluecht, wéi a Syrien, oder am Nigeria, wou ideologesch Illuminéierter Terror géingt di lokal Populatioune maachen, mol camoufléiert wéi an der Ukraine ... oder mol méi ad hoc, e Gemetzel hei oder do, awer mat System, wéi an Afghanistan oder am Pakistan.
Kleng Kricher, déi sech d‘Klensch an de Grapp ginn.
“peace to our children when they fall
n small war on the heel of small war”
sot de Robert Lowell, e wonnerbar sensiblen amerikanesche Poet, an ee vun de Protestéierer géingt de Vietnamkrich, deemols.
Egal ob kleng oder grouss: Krich ass Business. Big Business. Am Waffenhandel ass d’Konjunktur gutt, den Ëmsaz tendéiert no uewen. De Stockholmer International Peace Research Institute, kuerz SIPRI, huet gerechent, dass den Ëmsaz vum internationalen Handel mat Waffen an der Period 2009-2013 em 14% méi héich louch wéi an der 5-Joresperiod virdrun.
Laut de Chiffere vum SIPRI sinn 2012 Waffen am Wäert vun mindestens 43 Milliarden Dollar gehandelt ginn. Rechent een Geschäfter mat Lizenzen an aner Handels-Ofkommes dobäi, da kennt een op en Ëmsaz vun 91 Milliarden Dollar. An dat ass laut den Aussoen vum SIPRI eng ganz konservativ Rechnung. De wierkleche Chiffer ass wahrscheinlech Etleches méi héich.
Wie verkeeft a wie keeft op dem Marché?
Op der Produzente-Säit gëtt de Marché dominéiert vun den “Big Five”. D’USA, Russland, Däitschland, China a Frankräich representéieren zesummen ongeféier 75% vum internationalen Handel mat Waffen iwwer den Zäitraum 2009-2013. Vun deene genannte 5 Länner sinn awer nëmmen 2 wierklech Grousser: d’USA kontrolléieren eng Part de Marché vun 29%, Russland vun 27%, an di aner 3 leie bei jeeweils manner wéi 10%.
Russland huet an de leschte Joer säin Undeel um Marché ausgebaut. An och China ass ganz schéin dynamesch, an huet seng Part de Marché an de leschte 5 Joer verdräifacht.
Op der Keefer-Säit ass Indien de gréissten Acquéreur vu Waffen (mat 14% vum Gesamtvolume), duerno kennt China (mat 5%), Pakistan (och mat 5%), divers Golfstaaten, d’USA an virun allem eng Wull vun Schwellen- an Entwécklungslänner.
D Konjunktur am Waffenhandel reflektéiert e generellen Trend no uewe bei de Militärdepensë weltwäit. Déi louche laut dem SIPRI 2013 bei 1.747 Milliarden Dollar, also ëmgerechent ongeféier 2,4% vum weltwäite PIB. D’militäresch Dépensen wuessen an alle Regiounen vun der Welt -- ausser am Westen.
Zum Schluss dann just nach eng aner Zuel, fir déi 91 Milliarden Dollar vum internationale Waffenhandel en perspective ze setzen, elo op Chrëschtdag, wou mir all méi Zäit hunn eis Gedanken ze man, fir mat der Famill ze verbréngen oder mat Videospiller virun iergendengem Écran doutzeschloen.
D’Industrie vun de Viodeospiller sollt 2014 weltwäit en Ëmsaz vu liicht iwwer 100 Milliarden Dollar erreechen, behaapt di spezialiséiert Consulting-Agence Gartner. Bei wäitem am populäersten sinn déi Spiller, wou et dee gréissten Deel vun der Zäit dorëm geet, iergend eng Figur brutal ze eliminéieren.