Wirtschaftschronik: Austeritéit am Cadeaus-Rayon?
D‘Chrëschtdags-Budgeten vu de Stéit zu Lëtzebuerg sinn ënnert deenen Héchsten am internationale Vergläich – et ass wéi wa mir de Christmas Blues gär géingen mam Scheck-Heft bekämpfen. Eist Akafs-Behuele changéiert och a migréiert ëmmer méi online. Dat ass en Challenge, awer och eng Chance fir de “realen”, den net-virtuelle Commerce. D’Wirtschaftschronik vum Jean-Paul Hoffmann.
Den duerchschnëttleche Stot zu Lëtzebuerg gëtt dëst Joer 665 Euro fir d‘Feierdeeg aus – fir Cadeauen, an Iessen an Drénken an der Haaptsaach. Dat seet eng Enquête vun Deloitte.
Éischte Constat: Et bléist en däitlech méi kille Wand vu gefillter Austéritéit am Konsum-Paradäis. De Festdags-Budget 2014 ass ongeféier 12% méi niddereg wéi di effektiv Ausgabe vun de Ménage fir Chrëschtdag 2013.
D‘Chrëschtdags-Budgeten zu Lëtzebuerg bleiwen awer ënner deenen Héchsten am internationale Vergläich. Dat hänkt mat der héijer Kafkraaft hei am Land zesummen, awer méi prosaesch wuel och mat der Tatsaach, dass an enger ëmmer méi multikultureller Gesellschaft och d‘Fester sech iergendwou kumuléieren. Hei am Land deet ee gär e Rimm an och nach Bretellen un, an et feiert een souwuel de Kleeschen wéi och Chrëschtdag uerdentlech.
Konsum op Chrëschtdag ass vläicht och nëmmen eng Method, fir de Christmas Blues mam Scheck-Heft ze bekämpfen. 60 Prozent ongeféier vun eisem Chrëscht- Budget gi fir Cadeauen ausginn.
An eist Akafs-Behuelen changéiert. Cadeaue ginn ëmmer méi dacks via Internet kaaft. 36 Prozent vun de Stéit zu Lëtzebuerg behaapten, online ze kafen, 30 Prozent waren et der nach am leschte Joer, den Trend geet rapid no uewen.
Dat ass en Challenge fir de “reale” Commerce: dee mat Maueren, Showroom a Verkafspersonal. Et gëtt haut keng kloer Ofgrennzung méi tëscht virtueller a realer Shopping Mall. Am Kapp vum Konsument huet sech de virtuellen an de reale Shopping scho laang zu enger eenzeger Bulle konsolidéiert. De Konsument probéiert dacks am Geschäft un a keeft um Internet, well dat méi bëlleg, oder méi kammoud ass. Mais keen Händler wëllt just nëmmen Umooss-Kabinn sinn – also grouss Käschten hunn, awer dann eidel ausgoen wann eng Transaktioun online gemaach gëtt.
Den online-Ëmsaz ass enorm, a wiisst. Black Friday a Cyber Monday (dat war dëse Méindeg) si mëttlerweil net nëmmen am anglophone Raum legendär; do geet dann d’online Chrëscht-Geschäft lass. China setzt där Konsum-Orgie mat sengem Single’s Day nach een drop: Do gouf dëst Joer op engem eenzegen Dag online en Ëmsaz vun méi wéi 9 Milliarden US-Dollar gemaach.
Den Enjeu fir den Handel ass deemno héich. De Commerce an der realer Welt muss seng Stäerkten do ausspillen wou se wierklech leien. E gudde Service vu Vendeuren, déi wësse vu wat si schwätzen, déi engem Client kënnen nolauschteren an seng wierklech Wënsch erkennen – dat schléit all aner Marketing-Argument.
Dobäi kann de Commerce och op de Cyberspace bauen. Wierklech cool wier et jo, wann ee sech kënnt an engem Geschäft an e Ganzkierper-Scanner stellen, an dann kréich een nëmmen déi Kleeder proposéiert, déi setzen wéi ugegoss -- mat als Back-up engem risege Katalog vu Produiten, déi innerhalb vun en puer Deeg kënnte geliwwert ginn, och wann se net op Stock wieren?
Science Fiction, sot Dir? Ech géing drop wetten, dass dat kennt. An zwar éischter wéi Dir mengt.