LuxLeaks Uerteel Wien ass Riichter vun der Ethik?

Dem Strofrecht no hätt d'Geriicht net anescht kënnen tranchéieren. Dat ass d'Meenung vum LSAP-Deputéierte Franz Fayot iwwert d'Condamnatioun am Luxleaks-Prozess vun de fréiere PWC-Mataarbechter Antoine Deltour a Raphaël Halet. "D'Lëtzebuerger Justiz hätt kënnen e grousse Schratt maachen, fir de Schutz vun de Whistleblower", seet d'Magali Paulus, d'Spriecherin vum "Collectif Tax Justice Lëtzebuerg".

Mick Entringer / ys

Fayot & Paulus
Franz Fayot a Magali Paulus

D'Geriicht hätt hei d'Hänn gebonnen, et hätt net kéinten anescht uerteelen a sech iwwert d'Strofrecht ewech setzen, esou de Franz Fayot iwwert d'Uerteel vum Luxleaks-Prozess. Dem LSAP-Deputéierten no kéint een dat Uerteel awer interpretéieren als Appell un de lëtzebuergeschen an europäesche Legislateur, fir d'Gesetzer fir de Schutz vun de Whistlebloweren no ze besseren. Selwer mengt de LSAP-Deputéierten, datt et vläicht méi wichteg wär, fir fir d'éischt d'Steierpraktiken nozebesseren, a Bezuch op hir Legalitéit oder Illegalitéit.

Verpasste Chance fir Lëtzebuerg?

"Whistleblower ass eng Technik, déi um Kommen ass", seet de Franz Fayot. Um Niveau vun der CSSF géing et eng Prozedur ginn, wou Employéen illegal Faite kënnen denoncéieren. Dat Uerteel hätt och anescht kënnen ausfalen, mengt hirersäits d'Magali Paulus vum "Collectif Tax Justice Lëtzebuerg". D'Geriicht hätt sech iwwert dat nationaalt Strofrecht kënnen ewech setzen, andeems et sech op d'Jurisprudenz vum Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter vu Stroossbuerg beruff hätt. An op den Artikel 10 vun der Europäescher Mënscherechtskonventioun.

"D'Lëtzebuerger Justiz hätt kënnen e grousse Schratt maachen, fir de Schutz vun de Whistleblower", seet d'Magali Paulus. Dat Uerteel hätt kennen eng Chance si fir Lëtzebuerg. D'Lëtzebuerger Léigislatioun iwwert Whistleblowere misst onbedéngt nogebessert ginn. D'Magali Paulus plaidéiert fir eng Berodungsstell fir potentiell Lanceurs d'alerte.

Roll vun der Chamber

"Et ass net ongeféierlech d'Moral anzekloen, fir sech iwwert Rechtsnormen ewech ze setzen", seet de Franz Fayot. Mir géifen an engem Rechtsstaat liewen, wou de Riichter sech net einfach iwwert d'Gesetzer kéint stellen.

Am Prozess koum eraus, datt PWC d'Steieraccorden tëscht den Entreprisen, déi PWC vertrëtt an der Verwaltung, selwer op Pabeier vun der staatlecher Verwaltung preparéiert goufen. Datt eng Kooperatioun am industrielle Stil tëscht der Steierverwaltung an dem Auditeur PWC stattfonnt huet, wär net normal an ongeheierlech, seet de Franz Fayot. Dat misst moralesch a juristesch condamnéiert ginn. De LSAP-Deputéierten ënnersträicht, datt déi d'Praxis vun de Steierrulingen an där Zäit einfach Usus waren. Aktuell enquêtéiert d'Justiz net iwwert d'Legalitéit vun där Zesummenaarbecht.

Op d'Fro, ob d'Chamber net misst aktiv ginn, seet de Franz Fayot: "D'Chamber ass kee Geriicht".

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / /
Lauschteren

Méi zum Thema

LuxLeaks-3.JPG
LuxLeaks

Déi zwee fréier PWC-Mataarbechter Antoine Deltour a Raphaël Halet sinn zu 12, respektiv 9 Méint Prisong mat Surcis veruerteelt ginn. D'Verdeedegung reagéiert mat Onverständnis a geet an Appel.

ICIJ LuxLeaks Dossier
Steiervirdeeler fir Betriber

En Dossier zur Berichterstattung vum radio 100,7 iwwer d'LuxLeaks-Revelatiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen