Fräie Mikro Weltdag vun der Philosophie
Haut ass de Weltdag vun der Philosophie. Zanter 2005 soll deen Dag an Erënnerung ruffen, datt Toleranz, Fridden an inklusiv Gesellschaften keng Selbstverständlechkeeten sinn, mee datt se souwuel komplex wéi och fragil Prozesser sinn. Eng Tatsaach, déi mer neierdéngs och erëm um europäeschen Kontinent all Dag mussen feststellen. Dozou haut e fräie Mikro vum Philosophieprofesser Jean-Luc Thill

Wéi gesäit de Mënsch vun der Zukunft aus? Dat ass d'Fro, déi sech d'UNESCO fir den Weltdag vun der Philosophie 2022 erausgesicht huet. Vun enger rapider wéi och radikaler Digitaliséierung iwwer nei ethesch en epistemologesch Dilemma, ass och Transformatioun vun eise Gesellschaften ëmmer méi séier ginn.
Wéi kann ee sech also als Mënsch nach zukünfteg behaapten, oder philosophesch gefrot: wat gehéiert zur Essenz vum kultivéierten an ziviliséierte Mënsch? Wat ka Philosophie an deem Prozess leeschten? Eng Äntwert dorops ass a bleift: Bildung.
Wëssen als Schutz an Orientéierung
Gebillt sinn heescht sech an der Welt orientéiere kënnen. Awer wat ass déi Orientéierung wäert? "Wëssen ass Muecht" kann hei net heesche mam Wëssen iwwer aneren ze herrschen.
D'Muecht vum Wësse läit enzwousch anescht: dës verhënnert, datt een "Affer" ass. Wien an der Welt Bescheed weess, dee gëtt manner séier hanner d'Luucht gefouert. Net fir näischt heescht d'Opklärung am engleschen enlightment. Gebillt kann ee sech wieren, iert een zum Instrument vun aneren Interesse gëtt - vun der Politik bis bei Reklammen.
Et heescht also och sech selwer Froen ze stellen: Wat weess a verstinn ech wierklech zum Beispill vum Krich a Krankheeten? Wat steet vun deem wat ech - an anerer - gleewen ob wackelege Féiss.
Wéi kann ech meng Iwwerzeegunge beleeën? Wat si Paralogismen a wat korrekt Conclusiounen? Dat wëssen, dat dës Froe generéiert, erméiglecht zum Beispill tëscht den naiven a gebilte Wëssenschaftler:innen ze ënnerscheeden, wéi och eescht ze huelend an eefälleg Journalist:innen, déi nach ni eppes vu Quellekritik héieren hunn.
Wësse schäerft d'Perceptioun
Dëst Wësse verhënnert, datt mer Affer vun Awerglawe ginn. Wat mécht en Evenement méi probabel? Wat ënnerscheet e Gesetz vun enger zoufälleger Korrelatioun? Alles dat musse mer haut wësse fir Risike kënnen anzeschätzen an eis eng Meenung maachen ze kënne vun allen Pronosticken, mat deene mir bombardéiert ginn.
Wien an dëse Saache waakreg ass, wien eng gesond skeptesch Distanz anhale kann - net nëmme vis-à-vis vun esoterescher Literatur - mee och oder grad - par Rapport zu ekonomesche Prognosen, Walkampfsargumenter, psychotherapeutesche Verspriechungen oder nach neurowëssenschaftleche Phantastereien.
An deem Sënn ka Bildung eis hëllefen tëscht rhetoresche Fassaden a richtege Gedanken ze ënnerscheeden. "Wat genau heescht dat?" a "Wouhier wësse mer, datt et sou ass" - dës zwou Froen ëmmer ze stelle mécht eis resistent géigeniwwer rhetoreschem Drill, Gehierwäsch an Sektenzougehéiergkeet.
Et schäerft eis Perceptioun par Rapport zu eisen Denkgewunnechten, eiser Komfortzon, moudeschen Trends an all Form vu Matleefertum.
Et kann een net méi geblufft, iwwerrompelt ginn - Téinerten, Guruen a Politiker:innen a Journalist:innen, déi iwwerhieflech sinn, hu keng Chance. Dëst huet e Numm: gedanklech Onbestiechlechkeet - an déi dem Mënsch vun der Zukunft weider ze vermëttelen, ass a bleift och eng Aufgab vun der Philosophie.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.