Affär Dieschbourg/Traversini Weider onkloer wien den Dossier iwwerhuele wäert
Wie gëtt zoustänneg fir déi juristesch Enquête an der Affär Dieschbourg/Traversini? Gutt dräi Woche sinn et hir, datt de Parquet der Chamber den Dossier iwwerreecht huet, an zanterdeem gëtt et keng definitiv Äntwert ob d'Chamber oder d'Justiz d'Affär weider féiere mussen. Den Affekot vun der fréierer Ëmweltministerin hätt am Léifsten, d'Justiz géif den Dossier nees iwwerhuelen. Dofir héieren d'Presidentekonferenz an de Chamberbüro de Mëtteg op Demande vun déi Gréng de Verfassungsexpert Luc Heuschling.

De Luc Heuschling hat an Interviewen ënner anerem hei um Radio gemengt, d'Justiz kéint d'Instruktioun weider féieren, well d'Carole Dieschbourg als Ministesch demissionéiert huet. D'Chamber hat enger éischter Diskussioun awer gemengt, et wier un hir den Dossier ze iwwerhuelen.
De François Prüm, Affekot vun der Carole Dieschbourg, weist sech skeptesch, datt der Carole Dieschbourg hir Rechter respektéiert ginn, wann d'Carole Dieschbourg vun den Deputéiert an der Chamber ugeklot gëtt.
Onkloer ass dat Ganzt, well Regierungsmemberen der Verfassung no net kënne vun engem Untersuchungsriichter ugeklot gi mee just vun der Chamber. Et gëtt awer kee Gesetz fir d'Detailer ze reegelen, esou datt d'Modalitéiten onkloer sinn, an et stellt sech eben och d'Fro, ob dee Verfassungspassage och nach gëllt, wann d'Ministesch an Tëschenzäit demissionéiert huet.
Den LSAP-Fraktiounschef Yves Cruchten sot eis virum Weekend, et wéilt keen eppes verschleefen. Et wier awer "net verkéiert" den Expert Luc Heuschling de Mëtteg ze héieren. An den nächsten Deeg sollt dann eng - Zitat "raisonéiert Decisioun" vun der Chamber geholl ginn. D'Chamber dierft sech keng Feeler erlaben, huet de sozialistesche Fraktiounschef gemengt.
Den CSV-Co-Fraktiounschef Gilles Roth sot eis, et géife Prozedurrisike ginn. Wann den Dossier zréck un de Parquet geet, kéint eng Verletzung vum Untersuchungs-Geheimnis opgeworf ginn, well d'Deputéiert Accès zum Dossier iwwer d'Virenquête haten.
D'Carole Dieschbourg hat viru gutt dräi Wochen demissionéiert nodeems de Parquet der Chamber de virleefege Rapport iwwermëttelt hat. D'Carole Dieschbourg respektiv den Ëmweltministère stinn am Verdacht, de fréiere gréngen Député-Maire Roberto Traversini an enger Autorisatiounsprozedur bevirdeelegt ze hunn.