Weider Fluch-Rechter fir d'Cargolux

Gutt Nouvelle fir d’Cargolux : den Infrastrukturminister François Bausch annoncéiert op eis Nofro hin, datt d’Cargo-Airline geschwë kéint weider Fluch-Rechter kréien. Nämlech d’Autorisatioun, fir vum Fluchhafe vum Co-Aktionär HNCA weider op aner Fluchhäfen a China an och op eng amerikanesch oder australesch Destinatioun ze fléien.

“Et gëtt schonn e Pré-Accord a mir sinn an de leschten Zich vun de Verhandlungen”, esou de Minister Bausch. Wann alles klappt, géif hien Enn vum Mount op Péking fléie fir z’ënnerschreiwen.

E Cargo-Expert sot eis, amerikanesch a russesch Cargo-Gesellschaften hätte schonn trans-pazifesch Fluch-Rechter. D’Cargolux huet bis elo keng Autorisatioun fir vu China an d’USA weider ze fléien.

De Bäitrag vum Jean-Claude Franck:

 

Den Interview vum Jean-Claude Franck mam François Bausch:

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen