Wéi en Auswee aus der Finanz- a Wirtschaftskris ?
Zënter der internationaler Finanzkris vun 2008 ass och Lëtzebuerg an der Kris. D‘Zäite vun héijer Croissance a moderéiertem Chômage sinn eriwwer. Lëtzebuerg huet sech misse méi verschëlden, nët nëmme fir Banken ze retten.
Wéi kréie mer d‘Staatsfinanzen erëm an den Equiliber? Muss bei de Staatsdépensen gespuert ginn, oder muss iwwert Steiererhéijungen nogeduecht ginn? Wéi halen d‘Parteien et mam Index? Wat ka géint de Rekordchômage ënnerholl ginn?
Dat sinn d‘Themen an dëser drëtter offizieller Table Ronde am Kader vum Wahlkampf, déi de 5. Oktober um radio 100,7 diffuséiert gouf. Invitée si Vertrieder vun den 9 Parteien, déi bei de Wahle vum 20. Oktober untrieden. Organiséiert gouf d'Emissioun vum staatleche Service Information et Presse.
Moderatioun : Claude Zeimetz (RTL Radio) a Jean-Claude Wolff (radio 100,7)