Telekommunikatioun "Wéi ee laangsfristegen Impakt wann de Roaming ofgeschaf ass?"

De Roaming, also d’Käschte fir Telefonsuriff, SMSen an Internet-Kommunikatiounen am Ausland, sollen de 15. Juni 2017 ënner bestëmmte Konditioune bannent der EU ofgeschaf ginn. Enn Abrëll dëst Joer trëtt schonn emol ee Plafong a Kraaft, deen d’Operateuren net däerfen iwwerschreiden. Fir de Claude Strasser, Generaldirekter vum Post Grupp, gerode besonnesch déi Lëtzebuerger Operateuren ënner Drock.

Michel Delage

close-up of the phone in female hands
©Bigstock/TravnikovStudio

Wann den 30. Abrëll 2016 een éischte Plafong fir mobil Kommunikatioune bannent der Europäescher Unioun a Kraaft trëtt, dann däerf een Appell net méi wéi €0,05 pro Minütt kaschten, eng SMS net méi wéi €0,02, an de Präis fir ee Megabyte Datevolume fir déi mobil Internetnotzung ass op €0,05 limitéiert. De Plafong fir Appeller, déi een am Ausland op sengem Handy kritt, soll méi spéit am Joer festgeluecht ginn.

Alles dat wier interessant fir de Konsument, fënnt de Postchef Claude Strasser. De Konsument geséich elo net direkt en Ënnerscheed am Präis, kéint dofir awer méi am Ausland telefonéieren, d’Limite wier méi spéit erreecht. Fir d’Operateuren awer géif déi nei EU-Direktive eng Rei Problemer mat sech bréngen, seet de Claude Strasser. De Generaldirekter vum Post Grupp erkläert, datt déi national Tariffer an Europa net harmoniséiert an d’Offere vu Land zu Land anescht sinn. D’Tarifstrukture wiere komplex an dofir schwéier ëmzesetzen.

Fir ze verhënneren, datt de Konsument an Europa elo dat Land mam niddregsten Tariff siche geet, hätt d’EU-Kommissioun zwar gewësse Bremsen agebaut. Eng “fair usage policy” gesäit vir, datt een am Ausland nëmme bis ee bestëmmte Volume ka konsuméieren.

“Wéi verhale sech aner Operateuren, wéi d’Konsumenten?”

Allerdéngs wieren dës “garde-fous” nach net kloer definéiert. A fir den Operateur wier den Detail wichteg: “do geet et em Nuancen, ëm Formuléierungen an ëm Volumen, déi di eng oder aner Konklusioun zouloossen”, sou de Claude Strasser. Obwuel déi grouss Richtlinne bekannt waren, wieren d’Ausféierungsbestëmmunge vun der Roaming-Direktive eréischt an de leschte Woche präziséiert ginn. “D’Tarifikatioun ass informatesch gesteiert, se brauch eng gewëssen Ulafszäit”.

De Post-Chef Claude Strasser gëtt ze bedenken, datt d’Ofschafe vun de Roaming-Käschten d’Operateure vill Sue géif kaschten. “Zemools Lëtzebuerger Operateure bréngt dat ganz staark a Bedrängnis, well de Roaming hei am Land méi wichteg ass wéi a grousse Länner”. Allgemeng wéisst een zwar, wat d’Ëmsetzung vun den neie Roaming-Regelen um technesche Plang bedeit. Wéi ee laangfristegen Impakt dat op de Marché kritt wier net virauszegesinn. “Wéi verhale sech aner Operateuren, wéi d’Konsumenten?” Dat trotz de “garde-fous”.

De Claude Strasser, Generaldirekter vum Post Grupp:

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen