Weltklimakonferenz Wat maachen d'USA a China?

Et wäert dëst Joer kee grousse Worf ginn op der Weltklimakonferenz zu Bonn. Anescht wei virun zwee Joer zu Paräis, geet et dës Kéier net drëms, grouss Ziler festzeleeën. Et geet drëms am Detail auszeschaffen, wei dës Ziler an d'Realitéit kennen ëmgesat ginn.

Rick Mertens / cbi

Analys Rick Mertens
D'Medie wäerten sech op d'USA an op China konzentréieren

Zu Paräis hu sech 195 Länner engagéiert, d'Zäregas-Emissiounen däitlech zréckzeschrauwen, an esou dofir ze suergen, datt d'Hausse vun der weltwäiter Temperatur bei ënner zwee Grad bleift. Wéi ee Bäitrag déi eenzel Länner dozou musse leeschten, ass awer nach net am Detail festgeschriwwen. Dat soll eréischt op der nächster Klimakonferenz 2018 zu Katowice a Polen méi genee definéiert ginn. D'Konferenz vun dësem Joer ass eng Iwwerganksetapp um Wee dohinner. D'Negociateure vun deene verschiddene Länner wäerten also dëst Joer vill iwwer technesch a prozedural Detailer diskutéieren, ouni definitiv Decisiounen ze huelen - Virgäng, déi engem net-spezialiséierten Public nëmme schwéier ze vermëttelen sinn.

Austrëtt vun den USA

D'Couverture vun de Medien dierft sech dofir dëst Joer virun allem mam Optrieden vun zwee groussen Acteure beschäftegen: D'USA a China. Den amerikanesche President Donald Trump hat am Summer ugekënnegt, datt säi Land sech aus dem Klimaaccord vu Paräis géif zréckzéien. Well dat awer virun 2020 net méiglech ass, wäert och zu Bonn eng amerikanesch Delegatioun vertruede sinn. Journalisten an Ëmweltaktiviste wäerten interesséiert beobachten, wéi destruktiv dës Delegatioun sech tatsächlech verhält. Den amerikaneschen Ausseminister, dee fir de Klimaaccord zoustänneg ass, huet nämlech virun e puer Wochen ugedeit, datt d'USA sech ënnert gewësse Konditiounen eventuell awer weider kënnen um Accord bedeelegen.

Progrès a China

Well onkloer ass, wéi ee Wee d'USA wëllen aschloen, ass d'Verhale vu China ëmsou méi wichteg - dat Land, wat weltwäit déi meeschten Zäregasen ausstéisst. Bis elo weist Peking sech kooperativ: De Bau vu Kuelewierker gouf gestoppt, an et gëtt massiv a Wand-, Sonnen- a Waasser-Energie investéiert. Mä fir d'Ziler vu Paräis kënnen ëmzesetzen, muss d'Ëmstellung, besonnesch a China, séier geschéien. Wei séier realistesch ass, dat kéint sech an de nächsten Deeg zu Bonn undeiten.

An der Mediathéik:

Auslandschronik / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Carole Dieschbourg
Klimaschutz

US-Medien no huet den Donald Trump Wëlles sech aus dem Paräisser Klimaaccord zeréck ze zéien. Dat géing awer net heeschen, datt all déi aner Länner elo géinge gebremst ginn, seet d'Carole Dieschbourg.

Den Donald Trump gestikuléiert Analys
Klimapolitik a Wirtschaft

Den Donald Trump huet seng Positioun zur Klimapolitik liicht nuancéiert. Am Wahlkampf hat hie sech als Klimaskeptiker profiléiert. Wat sinn d'ekonomesch Risike vun där ongewësser Klimapolitik vun den USA?

CO2-Ausstouss
Klima

Den US-President Barack Obama an de chinesesche Staatschef Xi Jinping hunn dem UNO-Generalsekretär Ban Ki Moon d'Ratifizéierungsdokumenter iwwerreecht. Zu Lëtzebuerg ass den Accord nach net ratifizéiert.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen