Radioen

On air

Am Buedmantel  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat bedeit d'Wiel vum Van der Bellen?

Éisträich

Wat bedeit d'Wiel vum Van der Bellen?

De Florian Klenk vun der éisträichescher Wochenzeitung "Falter" schwätzt vun engem Echec fir d'Rietspopulisten. Bei deenen traditionelle Parteie spiert hien een neie Wand. Och wa si vill musse léieren.

auto_stories

2 min

Bei de Presidentschaftswahlen an Eisträich huet den Alexander Van der Bellen kloer géint de rietspopulistesche Kandidat vun der FPÖ Norbert Hofer gewonnen. De Florian Klenk ass Chefredakter vun der éisträichescher, lénksliberaler Wochenzeitung "Falter" Hie schwätzt vun engem kloren Echec fir d'Rietspopulisten.

Déi meescht Éisträicher hätte sech ni kéinte virstellen ee Gréngen ze wielen. Bei deene leschte Wahlen hätten d'Rietspopuliste just 30.000 Stëmme manner gehat wéi dee grénge Kandidat. Dës Kéier wieren et der 300.000 manner. Obwuel si vill méi een aggressive Wahlkampf gefouert hätten.

"Wieler vu Populiste si kee Pöbel"

"Et gesäit ee liicht Unzeeche vun engem Rass an der FPÖ", esou de Journalist. Och bei deene grousse Parteien, bei de Sozialdemokraten an de Chrëschtlech-Sozialen, géifen d'Kaarten nei gestéckt ginn. Mam lenkspopulistesche Kanzler Christian Kern a mam jonken, konservativen Ausseminister Sebastian Kurz géif et zu enger Reidealiséierung vun deenen zwee Lagere kommen. Doduerch kéinte Protestparteie wéi d'FPÖ, awer och déi Gréng, vill manner Stëmme kréien, wéi si sech et géifen erhoffen, esou d'Aschätzung vum Florian Klenk.

Déi traditionell Parteie missten ophalen ze mengen, datt d'Wieler vun de Populisten "Pöbel" oder Moderniséierungsverléierer wieren. "Et ass d'Mëtt vun der Gesellschaft. Et si Leit, déi sech gutt stinn, déi gutt an der Gesellschaft verankert sinn."

Donieft missten déi klassesch Parteien nees méi ideologesch ginn. Si dierften net just a Phrasen an an Hülse schwätzen. A si misste léieren, an de soziale Medien ze kommunizéieren. Dat wier momentan déi Plaz, wou d'Populisten an déi riets Parteien extreme Succès hätten. Duerch falsch Meldungen a radikal Postings géife si eng Mobiliséierung erreechen, déi déi grouss Parteien net géife packen.


Gespréich mam Florian Klenkplay_arrow

Internetsite vum Falter: https://www.falter.at/