Wanteraktioun: 110 Persounen an der Iwwernuechtungs-Struktur
110 Persoune ginn am Ablack an der Iwwernuechtungs-Struktur um Findel ënnerbruecht, déi am Kader vun der Wanteraktioun agesat gëtt. Ënnert deene Persoune sinn och dräi Famille mat siwe Kanner, déi zanter e puer Wochen an der Struktur um Findel iwwernuechten. Dat jéngst Kand ass ee Puppelche vun engem Mount. Am Prinzip dierfen d’Strukture vun der Wanteraktioun keng Kanner ophuelen, well dat net deen adequate Milieu ass fir Kanner.
An der Struktur um Findel ginn et nieft zwee Dortoirë fir d’Männer och Zëmmer fir Famillen.
D’Maxime Pax (Inter-Actions) vun der Wanteraktioun, um Mikro vum Carole Schimmer:
D’Kanner ginn iwwregens weder an d’Schoul nach an eng Maison Relais. Grad ewéi d’Erwuessener mussen d’Famille mat hire Kanner während dem Dag de Nuetsfoyer um Findel verloossen. Et gëtt awer an der Stad eng weider Opfaangstruktur, déi fir d’Iessen zoustänneg ass an déi vun der Croix-Rouge geréiert gëtt.
De Familljeministère suivéiert déi Situatioun.