Gesondheets- a Fleegesecteur Michel Simonis: Waarden op de Staat

De Generaldirekter vum Roude Kräiz fuerdert, datt de Staat "de Virementsziedel eraushëlt". Nëmme sou kéint de Fonctionnement vun alle Servicer am Gesondheets- a Fleegesecteur garantéiert ginn.

Mick Entringer / ys

Michel Simonis
De Michel Simonis ass Generaldirekter vum Roude Kräiz

Bei der Reform vun der Fleegeversécherung huet een et mat engem Spuerpak ze dinn, seet de Generaldirekter vum Roude Kräiz. De Michel Simonis hofft, datt virum Depot vum Projet de Loi nach Akzenter kënne gesat ginn. Aktuell féiert de Sozialminister Romain Schneider lescht Gespréicher mat de Sozialpartner.

Am Gesondheets- a Fleegesecteur ginn aktuell nei Kollektivverträg verhandelt, déi eng Opwäertung vun de Carrièrë virgesinn. Den Dossier schleeft awer, obwuel d'Regierung sech verbal engagéiert huet, déi Opwäertung finanziell mat ze droen.

"De Staat muss de Virementsziedel eraushuelen", esou de Michel Simonis. Dem Generaldirekter vum Roude Kräiz no géingen d'Prestatairen am Fleegesecteur all Mount Sue bäileeën, bei de Prestatiounen an de Paien. De Ball léich kloer bei der Regierung a bei der Sécurité sociale. De Secteur kéint net bougéieren, wann de Staat keng kloer Indikatioun iwwert eng finanziell Hausse géif ginn.

D'Lëtzebuerger Rout Kräiz hat d'lescht Joer en Ëmsaz vun 140 Milliounen Euro gemaach. "Dat geet net eleng mat Spenden", esou de Michel Simonis. D'Associatioun, déi am Sozialen, Humanitären a Gesondheetsberäich aktiv ass, misst all Joer 4 Milliounen Euro Eegemëttel bäidroen. Soss géinge verschidde Servicer net méi fonctionnéieren.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / /
Lauschteren

Méi zum Thema

kanner.JPG
Educatioun

Well vill Kanner sech haut zu Daags net méi genuch beweegen, gëtt an der Schoul zu Noumer Beweegung an de Couren integréiert. de Konstat: Kanner kënn sech besser konzentréieren.

Romain Schneider
Gesondheets- a Sozialsecteur

De Sozialminister huet Versteesdemech fir d’Mobiliséierung vun de Gewerkschaften aus dem Gesondheets- a Sozialsecteur. D'Regierung géif sech fir d'Opwäertung vun de Carrièren engagéieren.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen