Wäerteunterrecht Vun Hënn a Kazen

Den Educatiounsminister wäert säin eegene Projet vum Wäerteunterrecht – mat deem keen zefridden ass – duerchboxen, well sech béid Säite guer net kënnen eenz ginn. Et kann een Hondsrasse kräizen, awer net Hënn a Kazen.

Kommentar Mick Entringer.jpg
"Et war e Feeler no enger Kompromëssléisung tëscht zwee Course wëllen ze sichen", mengt d'Mick Entringer am Kommentar

All Concernéiert fillen sech iwwert den Dësch gezunn, keen ass zefridde mam Kaderléierplang zum neie Schoulfach “Liewen a Gesellschaft”. Ob alle Fall geet dat emol esou aus den Deklaratiounen ervir.

Am Dokument vun zéng Säiten kennt d’Wuert Relioun iwwert 30 mol vir; Atheismus, Laizismus an Humanismus net eng eenzeg Kéier. Theologie gëtt als eng Bezuchswëssenschaft zréckbehal nieft Philosophie, Soziologie, Politologie, Geschicht, Ethnologie an de Reliounswëssenschaften.

D’Opreegung vu Säite vun der Kierch, d’Relioun kéim ze kuerz, schéngt eng gespillten ze sinn. Iwwert dat neit Fach, kann d’Kierch – ouni Markenkennzeechnung - hiren Afloss an der Schoul institutionaliséieren, woubäi hiren Afloss an der Gesellschaft réckleefeg ass.

D’Kanner eescht huelen

Et ginn Avise vun zwee Experten zu deem Kaderléierplang déi bis ewell net publizéiert sinn. De Minister ass och nach net decidéiert op dat soll geschéien; op Nofro hin war et d’Ausso datt dat net vill géing bréngen.

Deklaréiert Ziel vum neie Fach ass d’Zesummeliewen an der Gesellschaft. Wien kéint schonn do dogéint sinn. Viséiert sinn – nieft Ethik, faktescher Wëssensvermëttelung, an Interpretatioun vu reliéise Symboler - eigentlech essentiell Sozialkompetenzen: Respekt, Toleranz, Nolauschteren, Empathie, Hannerfroen, positiv Kommunizéieren. Dat sinn transversal Kompetenzen déi queesch duerch de Schoulalldag misste praktizéiert ginn.

"Dat Fach bleift éiweg kontrovers"

Fir dat ze léiere ginn et och Methoden, fir déi een net onbedéngt e neit Fach brauch, mee Formatioun fir d’Enseignanten an d’Betreier. Schülerparlamenter, Schülerkreeser, Agressioun- a Gewaltpreventioun iwwert Atelieren, regelméisseg an institutionaliséiert Austauschmechanismen. Kloer Konsequenze wann Regelen net respektéiert ginn. D’Kanner an de Schoulen an an de Betreiungsstrukturen net eleng mat Mobbing, a moralesch a physescher Ënnerdréckung loossen. D’Kanner eescht huelen.

Et war e Feeler no enger Kompromëssléisung tëscht zwee Course wëllen ze sichen. "Dat Fach bleift éiweg kontrovers", sot den André Grosbusch an der Emissioun "Riicht Eraus". Vläit wär e politescht Bildungsfach déi richteg Léisung. Et wäert awer sou sinn, datt den Educatiounsminister säin eegene Projet – mat deem keen zefridden ass – duerchboxt, well sech béid Säite guer net kennen eenz ginn. Et kann een Hondsrasse kräizen, awer net Hënn a Kazen.

Lauschtert de Kommentar vum Mick Entringer:

 

Méi zum Thema

rer_waerteunterrecht.jpg Riicht Eraus
Table-Ronde

Den Educatiounsminister diskutéiert zesumme mat verschiddenen Akteuren iwwert de Kaderléierplang vum geplangtenen neie Schoulfach "Liewen a Gesellschaft". Derbäi gëtt et kee Konsens a vill Kritik.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen