UBUNTU Vulnerabel Asyldemandeure begleeden

Mam Projet Ubuntu gi Persoune begleet, där hir Asyldemande ofgeleent gëtt an um Kierchbierg an der SHUK ënnerbruecht sinn. Ënner hinnen si Leit, déi zanter Joren an der EU ënnerwee sinn, ouni datt hir Traumaen opgeschafft goufen. Zesumme wëllt ee mat Hëllef vun engem Psychotherapeut, deen aus Afrika staamt, hire Liewenswee dokumentéieren a verschaffen.

Carole Schimmer / cbi

Agnès Rausch
D'Agnès Rausch vum Projet UBUNTU

De ganzen Interview mat der Agnès Rausch lauschteren


Persounen, där hir Asyldemande zu Lëtzebuerg ofgeleent gëtt, well si an engem aneren EU-Memberstaat kee Statut accordéiert kruten, falen ënner d'Dubliner Konventioun. Déi Konventioun bestëmmt, datt déi Leit an dat EU-Land mussen zeréckgeschéckt ginn, wou si fir d'éischt ukoumen a wou hir éischt Demande traitéiert gouf.

Verschidde Persoune wiere ganz vulnerabel, well si schonn zanter Joren ënnerwee sinn. Fir si ze begleeden huet d'Caritas zesumme mat der Organisatioun Reech eng Hand de Projet Ubuntu-Carvansara op d'Bee gestallt.

Ubuntu heescht op südafrikanesch: Ech sinn, well mir sinn. Carvansara kënnt vu Karavanserei, enger Plaz, wou Reesender op der Seidestrooss mat hire Béischte konnten a Sécherheet iwwernuechten.

Persounen iwwer d'Asylrecht informéieren

D'Zil vum Projet ass et déi Läit iwwer d'Asylrecht ze informéieren. Dat wier wichteg fir hinnen ze erklären, datt hir Asyldemande ofgeleent gouf, well europäesch Direktiven dat esou festleeën.

Et wier wesentlech hinnen einfach ze soen, datt hir Demande net ofgeleent gouf, well ee si net gären hätt, awer well dat einfach eng politesch, eng legal Reegel ass, déi a ganz Europa gëllt, ënnersträicht d'Agnès Rausch, vum Projet Ubuntu.

"Datt een eigentlech nëmmen a ganz exzeptionelle Fäll ka probéieren ze froen, datt si awer nach zu Lëtzebuerg kënne bleiwen. Dat maache mir dann zesumme mam Service d'accueil vun der Caritas, wa Leit besonnesch vulnerabel sinn. Ech mengen, dat huet den Här Asselborn an aner Entrevuë gesot, datt hie bereet war, dat bei enger ganzer Rei vu Leit ze maachen. Haaptsächlech nodeems hie gesinn hat, wéi et a Libyen an deene Campen ausgesäit, wou d'Leit wärend Méint praktesch an enger onméiglecher Situatioun hu misste liewen."

Psycholog mat afrikaneschen Originnen

Ee Psycholog mat afrikaneschen Originne benotzt Aktivitéiten aus dem Alldag fir an d'Gespréich ze kommen. Hien wéisst och wéi een d'Vertraue vun de Läit ka gewannen, seet d'Agnès Rausch.

"Mir si frou doriwwer, datt dee Responsabele vun deem ganze Projet ee Psychotherapeut ass, deen aus Afrika kënnt. Deen also souwuel déi afrikanesch Weisheet mat ka spille loossen, wéi och déi modern Wëssenschafte vun der Psychologie. Hien huet och eng aner Aart a Weis fir psychologesch un déi Leit erunzekommen. Dat geschitt éischter iwwer Fussballspillen oder Vëlofueren a Kachen, datt d'Leit lues a lues Vertraue kréien an datt ee mierkt, datt si eng immens grouss Angscht virun der Zukunft hunn."

Traumatesch Erliefnesser opschaffen

Déi Leit wéissten net, wéi hir Zukunft ausgesäit, mee si hu villes an hirer Heemecht erlieft, wat ni opgeschafft gouf, seet d'Agnès Rausch.

"An der Nuecht dreemen, jäizen a kräischen si, well ëmmer erëm, dat wat si doheem erlieft hunn, a Biller zeréckkënnt. Wat si op hirem Wee erlieft hunn, wat si um Mier erlieft hunn, wou Verschiddener och gesinn hunn, datt Leit aus dem Boot erdronk sinn."

Et wier net dee richtege Wee, deene Leit einfach Medikamenter ze gi fir schlofen ze kënnen, warnt d'Agnès Rausch.

"Si si scho ganz apathesch an depressiv an, et brauch immens vill Zäit fir d'Leit aus hire Feldbetter erauszekréien, fir mat hinnen Aktivitéiten ze maachen. Well si psychologesch ganz traumatiséiert sinn."

De Centre de santé mentale an d'Rout Kräiz schaffe mat esou Leit, mee dat wier eng individuell Hëllef. Mam Projet Ubuntu soll iwwer d'Gemeinschaft, mat hinnen zesummen, ee Reseau vu Solidaritéit a vu Verständnis opgebaut ginn, seet d'Agnès Rausch.

"Et mierkt een eigentlech, wéi si do opbléien. Mir ware beim Äerzbëschof am Haus an hunn zu 30 gekacht a giess, an et huet ee gesinn, wéi frou datt op eemol déi Leit waren, wéi si natierlech dono probéiert hunn mam Bëschof iwwer hir Problemer ze schwätzen. Awer wou einfach Momenter vu grousser Freed kënnen opkommen, an et ass do, wou mir och dru gleewen, datt doduerch hir Resilienz, hir Ënnerkapazitéit, fir mat hirer Situatioun eens ze ginn a sech net kleng kréien ze loossen, gestäerkt gëtt."

15 Joer laang an Europa ënnerwee ouni Léisung

Verschidde Leit wiere scho laang an Europa. An der SHUK, der Urgence-Struktur um Kierchbierg, wieren net nëmme Leit, déi um Fluchtwee duerch Italien a Frankräich op Lëtzebuerg gereest sinn. Mat Ubuntu gëtt hire Wee an hiert Erliefnis dokumentéiert. Un éischter Stell gëtt dat fir d'Persoun selwer gemaach, mee och fir eventuell ze analyséieren, firwat hir Demande ofgeleent gouf.

"Ganz dacks mierke mir, datt déi Leit iwwerhaapt net verstanen hunn, wat d'Krittäre vun der Genfer Flüchtlingskonventioun waren a vun dohier och net am Detail alles konnte soen, wat si erlieft hunn an datt hir Demande vläicht zu Onrecht ofgeleent gouf. Déi ginn da vu Land zu Land weider. De Responsabele vun der Caritas huet mir erëmgesot, datt ee Pakistani, dee scho virun zwee Joer eng Kéier bei eis war, nodeems datt hie scho 15 Joer an Europa ass, elo erëm eng Kéier bei eis opgetaucht ass."

Der Agnès Rausch no wier et wichteg, mat deene Leit nach eng Kéier hiert ganzt Liewen duerchzeschaffen an opzeschreiwen. Doduerch kéinten déi Persounen hir Liewensgeschicht betruechten, fir kënnen dozou ze stoen a vläicht, wa si dat fir richteg fannen, engem Affekot oder enger Direction de l'immigration, déi Informatiounen ze liwweren. Esou kéint een awer fir esou Leit eng Léisung fannen, betount d'Agnès Rausch.

"Et huet ee vläicht Leit, déi nëmme sechs Méint zu Lëtzebuerg waren, awer scho méi wéi zéng Joer an Europa do ronderëm, net wanderen, mee ieren. Ech soen ëmmer, et handelt sech net net ëm Asylhopping, mee et sinn eigentlech Bettler, des mendiants d'asile, des mendiants de protection internationale. "

Méi zum Thema

Anamajira Tunjic
Mënscherechter

D'CCDH kritiséiert d'Zesummesetzung vun engem Gremium, dee beurteele soll, ob onbegleete mannerjäreg Flüchtlingen, déi de Statut vum Demandeur de protection internationale awer net kruten, dierfen zu Lëtzebuerg bleiwen.

Jean Asselborn 10 Exklusiv
Refugiéen

Lëtzebuerg wier bereet, sechs Refugiéen opzehuelen. Dat seet den Ausseminister Jean Asselborn. Detailer ginn et nach keng, d'Gespréicher mat de malteseschen Autoritéite wieren nach am Gaang.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen