Coronakris Visitten an Altersheemer: Regierung beréit iwwer Maskeflicht

D'Familljeministesch Corinne Cahen wëllt an Zukunft méi iwwer hir Aarbecht kommunizéieren. D'DP-Politikerin seet, si hätt an der Coronakris de Feeler gemaach der Ëffentlechkeet net genuch iwwer hir Aarbecht matzedeelen. Dat wéilt si an Zukunft besser maachen.

Rick Mertens (Interview) / Chris Zeien (Web)

Corinne Cahen

Si wier vill um Terrain gewiescht, mee net genuch doriwwer kommunizéiert, sou d'Corinne Cahen "well ech fonnt hunn, an der Crise sanitaire wär et net un der Familljeministesch fir grouss ze kommunikéieren, mee fir ze schaffen."

D'Corinne Cahen war als Familljeministesch an de leschte Méint staark an d'Kritik geroden, well se net genuch gemaach hätt fir d'Verbreedung vum Virus an den Altersheimer anzedämmen. D'Oppositioun an der Chamber hat dowéinst zwee mol geschlossen hire Récktrëtt gefuerdert.

D'Regierung wäert haut iwwer nei sanitär Recommandatiounen fir d'Altersheemer beroden. D'Familljeministesch Corinne Cahen seet, si wéilt dem Regierungsrot haut proposéieren, datt an den Altersheemer nieft dem Covid-Check-System och nees eng Maskeflicht fir Visitten agefouert gëtt.

Wann een zesummen an de Restaurant oder an d'Cafeteria géif goen, sollt ee sech nach zousätzlech teste loossen.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Annette Welsch an David Marques
Infektiounsclusteren an Alters- a Fleegeheemer

Fir d'Annette Welsch ginn d'Erklärunge vun der Corinne Cahen zu den Infektiounsclusteren net duer. Den David Marques schätzt et als "net ganz falsch" an, datt méi d'Fra wéi de Ball gespillt gi wier.

IMG_4992.jpg
Riicht Eraus

Et wier näischt Neies op d'Tapéit koum: dofir hätt si um Enn vun der Chamberdebatt iwwer de Waringo-Rapport net nach eemol d'Wuert ergraff, esou d'Corinne Cahen. Et wier just ëm hire Kapp gaangen.

Michel Wolter
Infektiounscluster an Alters- a Fleegeheemer

De Michel Wolter gesäit seng Kriticken un der Familljeministerin confirméiert. Déi géifen an der Zomm keng aner Conclusioun zouloossen, wéi datt d'Corinne Cahen net déi richteg Persoun fir dee Poste wier.

Chambersplénière
No Infektiounsclusteren

D'Oppositioun fuerdert de Récktrëtt vun der Familljeministerin Corinne Cahen - si hätt hir Aarbecht net richteg gemaach. Hannergrond sinn déi rezent Corona-Clusteren an den Alters- a Fleegeheemer.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Buchkriticken

    D'Kulturredaktioun vum radio 100,7 presentéiert Rezensioune vu Lëtzebuerger an internationale Bicher.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen