Ligue Médico-sociale Vill Elteren negligéieren d'Gesondheet vun hire Kanner

D'Ligue Médico-Sociale huet d'lescht Joer eng 21.000 systematesch medezinesch Kontrolle vu Kanner gemaach. D'Gesondheetskontroll an de Schoulen ass dem Generalsekretär vun der Ligue, Jean Rodesch no, ëmmer nach néideg. Anescht wéi een dat kéint mengen, géifen eng Parti Elteren hir eigentlech Obligatiounen net erfëllen, esou de Constat vun der Ligue op hirer Generalversammlung.

Sophie Morang

1.JPG
Lydia Mutsch, Jean Rodesch op der AG vun der Ligue

"Muss d'Consultatioun an der Grondschoul wierklech nach sinn?", froe vill sech Elteren. Wann néideg fënnt een ëmmerhin zu all Ament e Kannerdokter. De Jean Rodesch, Generalsekretär vun der Ligue Médico-Sociale, warnt awer virun enger falscher Impressioun. Bei dëse Kontrollen, déi per Gesetz definéiert sinn, géifen ëmmer erëm Problemer detektéiert ginn, déi am Interêt vum Kand nozekucke sinn.

D'Ligue huet d'läscht Joer eng 11.000 medezinesch Avisen ausgestallt, esou Zuelen, déi d'Ligue op hierer Generalversammlung vum läschte Freideg (29.04.2016) virgestallt huet.

Kontroll vun Asyldemandeuren

D'Ligue mëscht zesumme mat der Inspection Sanitaire zënter enger Zäit elo och en éischte gesondheetleche Check vun Leit, déi hei an d'Land kommen, fir Asyl unzefroen. Hei géife sech speziell Erausfuerderunge stelle fir de Betraffenen adequat ze hëllefen, seet de Jean Rodesch .

Wat d'Consultatioune vun der Ligue bei der Erkrankung vun Otemweeër ugeet bleift d'Demande héich. Dat obwuel den Tuberkulos-Examen, deen ee bis d'läscht Joer virun enger Hochzäit huet musse maachen, ewechgefall ass. D'läscht Joer goufen et awer 14.000 Consultanten.

Service 'surendettement'

2015 huet d'Ligue an hirem Service 'surendettement' 680 Dossieren traitéiert Dem Jean Rodesch no, ginn et vill méi Informatiouns-Demanden, déi dacks net zu engem Dossier féieren. Betraffener wéilten dann aus Schimmt keng Zuelen op den Dësch leen.

Sollten d'Zënsen op de Prêten erëm staark unzéien, da rechent de Jean Rodesch domadder, datt d'Aarbecht extrem an d'Luucht wäert goen.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen