Terroralerte an der Belsch "Vill Ambulanzen, verzweiwelt Gesiichter"
Eis Bréisselkorrespondentin Danièle Weber ass ronn 20 Minutten no der Explosioun am Bréissler Europaquartier laanscht d’Metrosstatioun Schuman gaang, net wäit fort vun der Statioun Maelbeek. Si erzielt wat si gesinn huet.
Pia Oppel
Wéi hutt Dir de Moien zu Bréissel erlieft?
"Ech hunn de Moien, wéi déi meescht Leit vun den Explosiounen héieren. Dono hunn ech mech op de Wee op d’Aarbecht gemaach am Bewosstsinn, datt dat vläit net alles fir Bréissel wier. Mäi Wee geet direkt laanscht d’Metrosstatioun Schuman an net wäit laanscht d’Statioun Maelbeek. Vu Wäitem hunn ech gemierkt, dass do eng méi lass wier: Ganz vill Pompjeeën an Ambulanzen. D’Leit si mir entgéint komm mat Tréinen an den Aen, um Telefon, mat verzweiwelte Gesiichter. Alles wat een eigentlech vu sou Situatiounen aus der Televisioun kennt. Et ass just anescht, wann een et selwer erlieft.
An der Tëschenzäit ass hei alles ofgespaart. Wéi ech de Moie ukomm sinn, sinn d’Autoen nach an der rue de la loi gefuer, dat ass just virun der Fënster hei vu menge Bürosgebai. Lo ass d’Strooss gespaart, iwwerall ass d’Police ënnerwee, d’Pompjeeën, vill Journalisten natierlech och. Ech hu virun der Statioun Maelbeek Schierbele gesinn, aus der anerer Statioun koum Damp eraus. Ee Kolleeg huet gesinn, wéi Blesséierter oftransportéiert goufen. Et kann ee soen, dass hei am Europaquartier eng zimlech Onrou ass an d’Leit bëssi ronderëm ieren. D’Leit sinn zimlech opgereegt a fäerten natierlech, dass dat do nach net alles war."
Terrorattaquen zu Bxl. Eise Bureau vis à vis vun der Kommissioun elo wéi de ganze Quartier ofgespart. #brussels pic.twitter.com/T1j85UuByk
— Weber Danièle (@WebDaniele) March 22, 2016
DIr schafft zu Bréissel fir Euranet plus, ee Reseau vun europäesche Radioen, wou och de radio 100,7 Member ass. Wéi ass d’Stëmmung elo an de Redaktiounsraim vun Euranet?
"Eng Kollegin ass net bis op d’Aarbecht komm, well si am Metro blockéiert scho blockéiert war. Ee schwedesche Kolleg vu mir hunn ech nach net vill gesinn, well hien déi ganz Zäit fir en Televisiounssender a Schweden Reportagë mécht. All eis Memberen ruffen un, fir ze wëssen ob mat eis alles an der Rei ass an och fir einfach Reportagen ze kréien."
Dir hat an der Suite vun den Attentater zu Paräis am November fir de radio 100,7 iwwer d’Reaktiounen a Sécherheetsmesuren zu Bréissel bericht. Lo ass also awer eppes ganz no bäi geschitt...
"Dat ass effektiv ee ganz anert Gefill. Ech géif mech net zu de Leit zielen, déi à priori immens ängschtlech sinn. Och wéi dat zu Paräis geschitt war an zu Bréissel eng imminent Gefor war, war ech am Fong net besonnesch nervös. Dat hei ass eng ganz aner Experienz, wann een all zweeten Dag mat dem Metro fiert an all Dag do laanscht geet. Ech sinn déi lescht Wochen zwee Mol vum Bréisseler Fluchhafen aus geflunn. Dat maache jo och vill aner Lëtzebuerger. An do kann ee soen, d’Gefor réckelt däitlech méi no an et ass een natierlech méi beonrouegt."
Lauschtert den ganzen Interview vum Jean-Claude Franck mam Danièle Weber :