Verméigenssteier: am Moment net, mee...
Gëtt d’Verméigenssteier fir privat Persoune rëm agefouert oder net? Am Moment gesäit et net dono aus, mee bis 2017, wann déi annoncéiert grouss Steierreform a Kraaft soll trieden, kéint sech dat nach änneren. Dat kann een aus kontradiktoreschen Aussoe vu Säite vun de Regierungsparteien zeréckbehalen.
De Finanzminister Pierre Gramegna (DP) sot op Nofro hin: bei der Steierreform géing “alles gekuckt ginn”. Gläichzäiteg sot hien awer och, de Regierungsprogramm géing respektéiert ginn. Am Programm gëtt d’Rëm-Aféiere vum impôt sur la fortune ausgeschloss.
Den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry sot op Nofro hin och, de Regierungsprogramm géing agehal ginn, mee "et sief d’Regierung kënnt an der Koalitioun zu dräi zu enger anerer Meenung wann déi nächst zwee Joer iwwert déi grouss Steierreform diskutéiert gëtt".
De Bäitrag vum François Aulner:
D’CSV gesäit hei och schonn Kontradiktiounen vu Säite vun der Regierung, déi zu Konfusioun géinge féieren. An deem Sënn freet d’Oppositiounspartei an enger question urgente , ob d’Regierung eng Verméigenssteier da wëll rëm aféieren, oder nach eng Ierfschaftssteier oder eng Räichesteier.
Déi ganz Ausso vum Pierre Gramegna:
Den Interview mam Alex Bodry: