Verfassungsreform: Wien decidéiert iwwert virgezunnen Neiwahlen?

Wann et zu enger politescher Krise kënnt, déi just duerch virgezunnen Neiwahle ka geléist ginn, soll d’Chamber am Virfeld vun deene Wahlen an Zukunft net méi opgeléist ginn. Doriwwer ass sech déi fir d’Verfassungsreform zoustänneg Chamberkommissioun prinzipiell eenz ginn.

Nach ze kläre bleift, wien decidéiert datt et zu virgezunnen Neiwahle muss kommen, a wéi eng Konditiounen dofir an der neier Verfassung festgehale ginn.

Aktuell ass et de Groussherzog, deen d’Parlament dierf opléisen. A während den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry dervun ausgeet, datt de Staatschef hei an Zukunft keng Roll méi ze spillen huet, seet de Paul-Henri Meyers, déi Fro wier nach net definitiv gekläert. Wann ee sech, wéi geplangt, um schwedesche Modell orientéiert wier et d’Regierung déi d’Chamber opléist, sou den CSV-Deputéierten:

 

De Luc Heuschling, Professer fir Verfassungsrecht op der Uni Lëtzebuerg, mécht drop opmierksam, datt och méi Acteuren kéinten d’Recht hunn iwwert virgezunnen Neiwahlen ze decidéieren. Zum Beispill kéint een sech virstellen, datt d’Bierger d’Méiglechkeet kréien, hiert Parlament an engem Referendum nees ofzeberuffen:

 

Datt d’Chamber net méi opgeléist gëtt, mee bestoe bleift, bis e neit Parlament sech konstituéiert, ass elo Konsens. Mee wat geschitt mat der Regierung wann et wéinst enger Kris zu virgezunnen Neiwahle kënnt? Den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry schwätzt vun der Méiglechkeet, datt d’Regierung am Amt bleift:

 

De Serge Urbany vun déi Lénk begréisst, datt d'Chamber net méi soll opgeléist ginn. Viru virgezunnen Neiwahlen, misst d'Parlament awer d'Méiglechkeet hunn d'Regierung opzeléisen:

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen